Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ "Den Handy ass eng Oflenkungsmaschinn"

Technologie am Unterrecht

"Den Handy ass eng Oflenkungsmaschinn"

Handye si vun Abrëll u ganz an der Schoul verbueden. Déi Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch huet kuerz virun der Rentrée scho fir vill Diskussioun gesuergt. Déi Eng fannen, datt et héich Zäit gëtt fir dës kleng Oflenkungsmaschinnen endlech aus dem Unterrecht eraus ze geheien. Déi Aner froe sech, ob et vill bréngt, wann d'Schoul sech deem neiste Stand vun der Technik verschléisst.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Lauschterenplay_arrow

Den Handyverbuet hält déi technesch Innovatioun am Klassesall awer net op, seet de Luc Weis. Hien ass Direkter vum SCRIPT. Dat ass dee Service vum Educatiounsministère, dee sech ëm d'Innovatioun am Klassesall këmmert, also souwuel ëm nei Léiermethoden, wéi och déi technesch Entwécklungen an Erausfuerderungen.

D'Schüler bräichten an der Schoul keen Handy fir den Unterrecht ze suivéieren, matzeschaffen an ze léieren.

"Den Handy ass eng Oflenkungsmaschinn. Am Fondamental huet déi iwwerhaapt näischt ze sichen."

Am Secondaire misst een d'Situatioun méi nuancéiert kucken. Mee dem Luc Weis säi Constat bleift och hei dee selwechten: Wärend de 50 Minutten Unterrecht muss ee Schüler net op sengem Handy hänken.

Een Ëmgang mat kënschtlecher Intelligenz fannen

D'Schoul hätt awer natierlech och d'Aufgab fir de Schüler ze vermëttelen, wéi si mat neien Technologië kënnen ëmgoen, an och wéi dës Technologien hinne kéinte beim Léieren hëllefen.

"Mir kréien déi artifiziell Intelligenz natierlech net aus der Schoul erausgehalen. Dat heescht, mir mussen als Schoul domat ëmgoen."

Mee och dem Enseignant kéinten Tools wéi ChatGPT hëllefen, den Unterrecht ze plangen, andeems se den Enseignant inspiréieren an Input liwweren. Dono wier et um Enseignant, genee wéi um Schüler, fir kritesch mat esou Software ëmzegoen, seet de Luc Weis.

"Ee Schüler, dee mat ChatGPT een Text verfaasst, huet vläicht e gudden Text, mee e kann en net. Wann ech awer ChatGPT benotzen, fir mir Iddien ze sammelen, fir déi dono ze verschaffen, fir mat anere Quellen a Verbindung ze bréngen, da kann ech warscheinlech e besseren Text hikréien, wéi wann ech dat net maachen."

Als Enseignant misst ee sech un déi nei Realitéit upassen andeems een de Schüler Aufgabe gëtt, déi "net einfach vun engem ChatGPT" kënne geléist ginn, sou den Direkter vum SCRIPT.

De SCRIPT schafft fir dës Rentrée och scho mat 3 Schoulen zesummen an test den ChatGPT am Unterrecht. Op Basis vum Feedback vun de Proffe ginn da Guidelines fir den Ëmgang mat sou Tools ausgeschafft. Donieft kuckt een natierlech och iwwer den Tellerrand eraus, wéi Schoulen am Ausland mat ChatGPT an aneren Tools ëmginn.

Alphabetiséierung op Franséisch

D'Alphabestiséierung op Franséisch soll an den nächste Joren no an no an de Lëtzebuerger Grondschoulen agefouert ginn. Dat ass eng Erausfuerderung, well sämtlecht Schoulmaterial a Schoulbicher op Franséisch gebraucht ginn, seet de Luc Weis vum SCRIPT.

Dofir schafft de SCRIPT momentan och aktiv dru fir d'Bicher an anert Schoulmaterial op Franséisch ze iwwersetzen. Vun 2026-2027 u soll d'Alphabetiséierung op Franséisch da progressiv agefouert ginn.

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft
Interview