Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den Iran gëtt op en Neits sanktionéiert

Wéinst Waffeliwwerungen u Russland

Den Iran gëtt op en Neits sanktionéiert

D‘USA, Frankräich, Däitschland a Groussbritannien hunn nei Sanktioune géint den Iran ugekënnegt. Teheran hätt Russland ballistesch Rakéite geliwwert, déi am Ugrëffskrich géint d‘Ukrain warscheinlech an den nächste Wochen an den Asaz kéimen, esou den US-Ausseminister Antony Blinken virun der Press.

auto_stories

1 min

© Maciej Ruminkiewicz / Unsplash
Foto: Maciej Ruminkiewicz / Unsplash

Den Antony Blinken ass haut fir Gespréicher mat sengem Homolog David Lammy zu London. Dosende russesch Zaldote wieren am Iran trainéiert ginn, fir d‘ballistesch Rakéite mat enger Reechwäit vu ronn 120 Kilometer ze benotzen, esou nach de Blinken. Den Iran weist d‘Virwërf vu sech.

Den Antony Blinken wäert iwwerdeems zesumme mam David Lammy nach dës Woch an d‘Ukrain reesen. D‘Rees kéim zu engem kritesche Moment fir d‘Ukrain, esou nach de Blinken. Russland géif nämlech seng Attacken op Zivilisten, wichteg Infrastruktur an d‘ukrainescht Militär verstäerken.