Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Am Vietnam gouf de Bilan vum Taifun Yagi nach emol no uewe revidéiert

63 Mënschen ëm d'Liewe komm

Am Vietnam gouf de Bilan vum Taifun Yagi nach emol no uewe revidéiert

Op d'mannst 63 Leit wiere wéinst dem tropesche Wierbelstuerm ëm d'Liewe komm, a 40 Leit géifen nach vermësst ginn, esou en neie Bilan vun der vietnameesescher Regierung. Do virdru louch den offizielle Bilan bei 59 Doudegen.

auto_stories

1 min

Taifun | © picture alliance / dpa | -
Foto: picture alliance / dpa | -

Den Taifun Yagi, deen och a China op d'mannst véier Mënschen d'Liewe kascht huet, ass dee stäerksten zanter Joerzéngten.

Wëssenschaftler no dréit Klimaerwiermung dozou bäi, datt Stierm méi staark ginn a méi laang daueren, an datt et méi staark reent.