Radioen

On air

De barocke Moien  |  Joaquin Rodrigo - Concierto De Aranjuez, III. Allegro Gentile - Junhong Kuang (Gittar), Czech Chamber Philharmonic Orchestra Pardubice, Darrell Ang (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Donald Trump entléisst Affekoten, déi géint hien enquêtéiert hunn

USA

Donald Trump entléisst Affekoten, déi géint hien enquêtéiert hunn

Dem Donald Trump seng Administratioun huet am Justizministère Dosenden Affekoten entlooss, déi un Enquêtë géint den Trump mat geschafft haten. Dat mellen US-Medien. 

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP

Si zitéieren de stellvertriedende Justizminister James McHenry. Hie sot, et géif Zweiwel ginn, datt dës Mataarbechter:inne dem President seng Pläng wäerten ëmsetzen.

Déi entloossen Affekote waren an der Ekipp vum Spezial-Enquêteur Jack Smith. Deen hat géint den Donald Trump enquêtéiert wéinst sengem presuméiert Versuch, seng Walnéierlag vun 2020 ze kippen.