Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, IV. Soft shoe shuffle - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Donald Trump schwätzt vun enger "truquéierter" Televisiounsdebatt

US-Walen

Donald Trump schwätzt vun enger "truquéierter" Televisiounsdebatt

Den Donald Trump behaapt, datt den Organisateur ABC d‘Televisiounsdebatt gëschter "truquéiert" hätt, dat zugonschte vun der Kamala Harris.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Nathan Morris

De fréieren US-President sot och, datt d‘US-Starsängerin Taylor Swift "de Präis bei hire Verkeef bezuele géif“ dofir, datt si déi demokratesch Presidentschaftskandidatin ënnerstëtzt.

D‘Taylor Swift huet hir Ënnerstëtzung fir d‘Kamala Harris gëschter no der Debatt op Instagram bekannt gemaach.

Béid US-Presidentschaftskandidate si gëschter fir déi éischt, a warscheinlech och déi eenzeg Kéier, fir eng Televisiounsdebatt openaner gestouss. Dat ronn zwee Méint virun de Walen. 

D‘Analysen, wien d‘Debatt gewonnen huet, sinn ënnerschiddlech. Béid Säiten, d‘Republikaner an d‘Demokrate, schwätze vun enger Victoire. D‘Commentateuren an den US-Medie sinn sech awer eens, datt déi demokratesch Vize-Presidentin Kamala Harris iwwerleeë war.