Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Frédéric Chopin - Introduction & Polonaise brillante, Op. 3 - István Várdai (Cello), Julien Quentin (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Riets Regierung plangt déi strengst Asylreegelen an Europa

Holland

Riets Regierung plangt déi strengst Asylreegelen an Europa

D'Hollännesch Regierung huet gefrot fir aus den EU-Asylreegelen erauszeklammen. Den Haag huet eng entspriechend Ufro bei der EU-Kommissioun gemaach, esou déi radikal-riets hollännesch Asylministerin op X. Dat ass allerdéngs éischter ee symbolesche Schratt: all 27-EU-Memberstaate missen nämlech dofir sinn, fir datt Holland domat duerch kéim. Ausserdeem hu sech d‘EU-Staate schonn op eng Asylreform gëeenegt a mussen déi elo ëmsetzen. 

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Lars Penning

Déi nei Koalitioun zu Den Haag wëll zum Beispill den Noutstand ausruffe fir och ouni den Accord vum Parlament Deeler vum Asylgesetz ausser Kraaft ze setzen. Eng vun de méi moderate Koalitiounsparteien huet awer schonn ugekënnegt, hir Zoustëmmung dofir zeréckzezéien, wann et keng legal Basis géif ginn.