Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Jan Anton Kozeluch - Concerto fir Fagott an Do Majeur, LMik. JAK XIV:1, III. Allegro Assai - Sergio Azzolini (Fagott), Camerata Rousseau, Leonardo Muzii (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Dräi Proteinfuerscher mam Nobelpräis an der Chimie ausgezeechent

Wëssenschaft

Dräi Proteinfuerscher mam Nobelpräis an der Chimie ausgezeechent

Den Nobelpräis an der Chimie geet dëst Joer un dräi Proteinfuerscher. Zu enger Hallschent un den Amerikaner David Baker, an déi aner Hallschent zesummen un de Britt Demis Hassabis an den Amerikaner John Jumper, déi allebéid a Groussbritannie schaffen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Steffen Trumpf
Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf

De Baker gëtt fir säi Proteindesign ausgezeechent, Hassabis an Jumper fir hir Previsioune vu komplexe Strukture vu Proteinnen. Dat huet déi schweedesch Akademie vun der Wëssenschaften zu Stockholm matgedeelt.

Muer gëtt dann den Nobelpräis an der Literatur bekannt ginn.