Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Niels Wilhelm Gade - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 5, II. Scherzo - Danish National Symphony Orchestra, Christopher Hogwood (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ E Rappell vun de Mënscherechter: D'Marche des droits humains vun Amnesty International

Um Dënschdegowend an der Stad

E Rappell vun de Mënscherechter: D'Marche des droits humains vun Amnesty International

Ronn 70 Leit ware gëschter um Dënschdegowend um Internationalen Dag vun de Mënscherechter mat Fakelen duerch d'Uewerstad gezunn. Amnesty International hat zu dëser Marche des droits humains opgeruff.

auto_stories

1 min

© Sté Bisenius
Foto: Sté Bisenius

Fir den David Pereira, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg, wier et an der aktueller Situatioun mat ville Konflikter a Kricher wichteg, un d'Mënscherechter ze erënneren. 

"Fir eeben d'Leit zesummenzekréien an drop opmierksam ze maachen, datt mir wierklech mussen zesummenhalen, fir eeben drop hinzeweisen, wat wichteg ass, eeben eis grouss Prinzippien an déi fundamental Mënscherechter: D'Recht kënnen ze liewen, an d'Schoul ze goen, op d'Gesondheet."

D’Enn vum Regimm vum Baschar al-Assad wier eng grouss Opportunitéit fir Syrien, esou den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Et géif een hoffen, datt et zu engem friddleche Muechtwiessel kënnt.

Zu der Decisioun vum Inneminister Léon Gloden, Asylprozedure fir d'Refugiéen aus Syrien temporär ze suspendéieren, sot den David Pereira, datt all Persoun eng Demande de protection international dierft kënne maachen.

"All Dossier muss studéiert ginn. A wa wierklech déi Persoun d'Recht drop huet, da muss si dat och kréien."