"Ech ka vu mengen Dreem liewen" - dat huet eis de Lukas Sternath am Interview verroden. De 4. Mäerz 2025 hat hien säin Debut hei am Land, mat engem Solo-Concert an der Philharmonie am Kader vu senger "Rising Star"-Tournée vun der ECHO (European Concert Hall Organization) duerch Europa. Um Concertsprogramm steet nieft Brahms a Liszt och ee Wierk vun der Sofia Gubaidulina. Déi weltberüümt Komponistin ass 9 Deeg no dësem Concert am Alter vun 93 Joer verstuerwen.
Programm:
- Sofia Gubaidulina: Chaconne pour piano
- Johannes Brahms: Händel-Variationen op. 24
- Patricia Kopatchinskaja: Three Pieces (Commande vun der ECHO - European Concert Hall Organization)
- Franz Liszt: Sonat fir Piano a Si Mineur
- Richard Strauss (arr. Max Reger): "Morgen" op. 27/4 fir Sangstémm an Orchester
Interpret:
Lukas Sternath, Piano
Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis den 18. Mee 2025 an eiser Mediathéik.