58 Kënschtlerinnen a Kënschtler hu sech dëse Weekend virun enger internationaler Jury presentéiert. Am ganzen hu si 83 Lidder virgesongen. Jidderee:nt konnt der bis zu dräi erareechen. Dat ass eng liicht Hausse par Rapport zu leschtem Joer. Do haten 53 Kandidatinnen a Kandidaten 79 Lidder virgestallt.
Vill nei Gesiichter
Ënnert den Artisten dëst Joer sinn vill nei Gesiichter, déi eng éischte Kéier beim Luxembourg Song Contest untrieden.
“Wou gesot gouf, datt Lëtzebuerg bei der Eurovision 2024 géif matmaachen, do ass einfach eng Luucht vun Hoffnung opgaange bei mir. Ech war do nach am Lycée. A lo hunn ech meng Première fäerdeg gemaach a ka mäi Fokus ganz heirop setzen”
Et sinn och eng Rei Artiste mat méi Erfarung dobäi, déi scho fir déi drëtte Kéier kandidéieren.
“Je me suis entrainee aussi pendant ces trois annéees, j’ai pris des Cours supplémentaires et j’ai gagné de confiance, parce que c’est la Troisième fois et c’est différent.”
Rei scho bekannt Finalisten
Mat dobäi sinn awer och eng Rei scho bekannt Finalisten aus de leschte Joren. Ënner anerem de Luzac, d’Mäna, d’Rafa Ela an d’Naomi Ayé probéieren hirt Gléck nach eng Kéier.
D’Jury vun dësem Casting besteet, aneschters wéi zejoert, net aus fréiere Gewënner:inne vun der Eurovisoun, mee éischter aus internationale Produzenten a Songwriter aus der Eurovisiouns-Welt. Ënner hinnen och de Ludovic-Alexandre Vidal, deen d’Lëtzebuerger Lidd vun dësem Joer “La poupée monte le son” matgeschriwwen hat. Hie leet virun allem Wäert op d’Authentizitéit vun de Lidder.
“Als Songwriter denken ech ëmmer un d’Authentizitéit, an ech mengen, en Deel dovun ass kloer ze maachen, datt dëst e Lidd fir Lëtzebuerg ass an net just en ESC-Lidd. Wat mécht et wierklech lëtzebuergesch? An ech mengen, dat ass eppes, wat ech ëmmer am Kapp behalen”
Debatt ronderëm Verbuet vun Israel
D’Debatt ronderëm en eventuelle Verbuet vun Israel fir beim ESC matzemaan, huet rezent d’Preparatioune fir d’Editioun vum nächste Joer dominéiert. Zu Lëtzebuerg géifen d’Virbereedunge fir de Moment wéi geplangt weiderlafen, heescht et aus der Lëtzebuerger Delegatioun.
Et misst een e kloren Ënnerscheed tëschent der kultureller Sphär an de geopoliteschen Tensioune maachen, esou d’Medieministesch Elisabeth Margue an enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro zu deem Thema.
Et géif ee lo op eng Decisioun vun der EBU, also der European Broadcasting Union, waarden, d'Lëtzebuerger Delegatioun wier sech bei deem Sujet op alle Fall eens.
“Datt et iwwerhaapt keng Roll spillt, ob e Land däerf matmaachen oder net wéinst engem Behuele vun enger Regierung.”
Esou den David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun. Dës Usiicht hätt een och vun enger Rei aaneren Delegatiounen héieren.
“Also, ganz éierlech, déi meescht Delegatiounen hätten am léifsten dat Theema géif iwwerhaapt net zur Debatt stoen. Dat ass ganz kloer. Et si puer Delegatiounen, déi eng ganz kloer Meenung hunn, an déi eng oder an déi aner Richtung, dat sinn der awer wierklech just puer, déi s de kanns op enger Hand opzielen, mee déi allermeeschte wéilten am léifsten, dass dat Theema guer keng Roll géif spillen. Dat ass dat, wat mer mierken, wa mer mat deenen aner Delegatioune schwätzen.”
Oppen wéi vill Kandidaten an d'Final kommen
No hirer Performance mussen d’Kandidatinnen a Kandidate fir de Luxembourg Song Contest sech elo bis en Donneschdeg den, 30. Oktober gedëllegen. Da sollen d’Finalisten a Finalistinne bekannt ginn. Nach ass oppen, wéi vill Kandidaten iwwerhaapt bis an d’Finall vum Luxembourg Song Conest kommen. Dat huet d’Jury opgelooss. D’Finall ass dann den 24. Januar an der Rockhal, do wäert sech decidéieren, wie Lëtzebuerg Mëtt Mee d’nächst Joer um Eurovision Song Contest zu Wien an Éisträich vertriede wäert.