"Kids Act"

EU-Kommissioun huet hir Virschléi fir e Social-Media-Verbuet fir Kanner presentéiert

D’EU-Kommissioun wëllt Kanner a Jonker besser virun zum Beispill TikTok, Snapchat an Instagram schützen. Hir konkret Virschléi fir e Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 13 Joer a weider méi streng Reegelen an der Europäescher Unioun goufen haut presentéiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

Dat vun der Kommissiouns-Presidentin Ursula von der Leyen zesumme mat der EU-Digitalkommissarin Henna Virkkunen zu Stroossbuerg. 

De sougenannte “Kids Act” soll kloer Grenze setzen. An Zukunft soll et bei soziale Medien eng graduell Approche ginn, huet d’Ursula von der Leyen erkläert.

"Keng sozial Medien ënner 13 Joer. Kee perséinleche Kont ënner 15 Joer. Dat heescht: Vun 13 Joer un, bis e Kand 15 Joer al gëtt, sinn nëmme Minikonte méiglech, déi vun den Elteren oder Erzéiungsberechtegten ageriicht an iwwerwaacht ginn.

Déi Konte sollen dann nëmme limitéiert Funktiounen hunn.

"D’Benotzungszäit soll op maximal eng Stonn den Dag begrenzt sinn. Tëschent 15 an 18 Joer soll dann e sécheren Design fir d’Plattformen obligatoresch sinn."

Méi Sécherheetsobligatioune fir d'Plattformen

Fir all Plattformen, déi Online-Servicer, Social Media, Chatbots oder Online-Videospiller ubidden, sollen et an Zukunft eng Rei Obligatioune fir méi Sécherheet ginn: Si selwer solle musse beweisen, dass si sécher sinn, wéi d'EU-Digitalkommissärin Henna Virkkunen erkläert.

"Kanner kënnen net méi mat personaliséierte Reklamme viséiert ginn, déi op hire fréieren Aktivitéite baséieren, a virun allem gëtt et keng Funktioune méi, déi süchteg maachen."

Funktiounen, déi süchteg maachen, sollen deemno verbuede ginn. D’Plattforme sollen Applikatioune mussen asetze fir den Alter vun deene Jonken ze iwwerpréiwen.

Éischt Detailer hat d’Ursula von der Leyen scho gëschter an hirer Ried zur Lag vun der Unioun presentéiert.

Mat de Virschléi vun der EU-Kommissioun musse sech elo d’EU-Parlament an d’EU-Memberstaate beschäftegen. Bis et zu engem Accord fir méi streng Reegele kënnt, kéint et also nach Méint oder Joren daueren.