D’Europäesch Unioun a Kanada sollten hiert Partenariat op deen héichsten Niveau bréngen. Dat sot d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen de Moien an hirer Ried zur Lag vun der Unioun.
Dat sollt keng Allianz géint iergend een anere sinn, mee fir déi gemeinsam Force ze markéieren, esou d’CDU-Politikerin an der Plenière vum Europaparlament.
D’Ursula von der Leyen huet sech direkt un de Mark Carney, dee bei der Ried zu Stroossbuerg present war, adresséiert.
"D’EU wäert Kanada d’Dir opmaachen, fir deen éischten associéierte Member vun der EU ze ginn."
Esou eng associéiert Memberschaft gëtt et bis elo an der EU net. Dat wier eng nei Kategorie vu Partenariat an der Europäescher Unioun.
Et wier keng voll Memberschaft, déi ass fir ee Land, dat net an Europa läit, den EU-Traitéen no net méiglech.
Nei Kategorie fir eng Allianz mat Kanada
Bis elo huet d’Europäesch Unioun eng 20 sougenannten Associatiounsaccorde mat Länner oder Regiounen, do geet et an éischter Linn ëm eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht.
Eng associéiert Memberschaft géif do, dat huet d’Ursula von der Leyen an hirer Ried ugedeit, méi wäit goen.
Si géing och iwwert den Handelsaccord CETA eraus, deen d’EU den Ament mat Kanada huet, esou d’Kommissiounspresidentin an hirer Ried. Si huet vun enger technescher Allianz geschwat, dovun, datt Defenseindustrie zesummeschaffe soll, a villes méi.
D’Detailer fir dës nei Zort vu Partenariat mussen do nach ausgeschafft ginn. Et ass dovun auszegoen, datt de Premier Mark Carney selwer dorop wäert agoen, wann hie muer um Donneschdeg seng Ried am Europaparlament hält.
Bekenntnis zum Green Deal
D’EU misst no dësem Summer vun der Wourecht un hire Klimaziler festhale, huet d’Kommissiounscheffin festgehalen.
D’Ursula von der Leyen proposéiert een neie Kader fir eng besser Klima-Resilienz: Et sollen 100 Regiounen, déi am vulnerabelste sinn an der EU identifizéiert ginn. Fir si soll eng Risikoanalys gemaach an een een extrae Plang opgestallt ginn.
Onofhängeg vun der NATO: Een Europäesche Sécherheets-Rot
Bei de konkreten Annonce stécht d’Schafe vun engem Europäesche Sécherheetsrot eraus.
Een Alarm-Mechanismus, deen onofhängeg vun der NATO ass, kéint vun de Memberlänner an engem Sécherheets- Noutfall declenchéiert ginn.
Dës Iddi, déi scho méi laang zirkuléiert, gëtt vu verschiddene kritesch gesinn, well si als Konkurrenz zur NATO kéint consideréiert ginn.
Weider Verschäerfung vu Migratiouns-Reegelen
An hirer Ried huet d’Ursula von der Leyen och proposéiert d’Reegele fir d’Protektioun vun de Grenzen an der EU a bestëmmte Fäll ze verschäerfen.
D’Kris zu Ceuta hätt gewisen, datt nei Instrumenter gebraucht ginn. Et misst deemno bei massiven Affluxe vu Leit méiglech sinn, d'"Standard-Prozeduren" op de Grenzen zäitweis auszesetzen, esou d’Kommissiounspresidentin.
D’Fro ass, wat dat genee heescht. Detailer huet d’Kommissiounspresidentin keng genannt.
Si huet iwwerdeems och dorop higewisen, datt et bannent de leschten zwee Joer eng Reduktioun vu 55 Prozent vun illegalen Arrivéeën an der EU gouf.
Keen Zougank zu Soziale Medie fir Kanner ënner 13 Joer
Wéi erwaart huet d’Kommissiounspresidentin nei Reegele fir den Zougank fir Jonker fir Sozial Medien annoncéiert.
Hei géif eng Alterslimitt vun 13 Joer agefouert an dono ee graduellen Accès definéiert mat sougenannte séchere Konten.
D’Ursula von der Leyen wëllt d’Plattformen an d’Verantwortung huelen.
"Mir dréien d’Beweislaascht ëm: D’Plattforme mussen an Zukunft beweisen, dat si sécher sinn"
Keng kloer Aussoen zu politesche Koalitiounen
Eng Partie EU-Deputéiert haten am Virfeld e kloert Bekenntnis zu enger proeuropäescher Koalitioun an däitlech Aussoen iwwert d’Behuele vun hirer politescher Famill gefrot: D’Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei hat widderhuelt mam rietsextreeme Bord zesummeschafft fir eng Majoritéit a verschiddenen Dossieren ze kréien.
Op deem Gebitt huet sech d’Ursula von der Leyen zeréckgehalen. Ultranationalisten an Anti-Europäer hätten dat nämmlecht Zil.
Si mepriséieren EU-Wäerter a si wëllen d’Europäesch Unitéit zerschloen. Et misst een dogéint a fir déi europäesch Iddi kämpfen, sou d’CDU-Politikerin, ouni konkret op politesch Koalitiounen am Europaparlament anzegoen.