Bei den Entschiedegungen am Fall vu Verspéidunge vu Flich zum Beispill fuerderen d'EU-Staaten, datt d‘Passagéier an Zukunft eréischt no véier Stonne Retard eng finanziell Entschiedegung kënne kréien. D‘EU-Parlament fuerdert par contre datt Passagéier, wéi bis elo, no 3 Stonne Retard Recht op eng Entschiedegung hunn.
Wa bis Mëtt Juni weider keng Eenegung fonnt gëtt wäert et bei de Fluchpassagéierrechter beim Status-Quo bleiwen.