Wéi erwaart, huet eng grouss Majoritéit am Europaparlament dofir gestëmmt, datt d’Reglement géint "d’Deforestatioun", wouduerch d’Ofholze vu Bësch soll massiv ageschränkt ginn, ee Joer méi spéit ewéi geplangt a Kraaft trëtt.
D’Europäesch Kommissioun hat déi Verlängerung proposéiert, eng Majoritéit vun de Memberlänner hat deem zougestëmmt.
Dem Gesetz no missten Entreprisen an Zukunft deklaréieren, datt fir hir Produiten hierzestellen, no 2020 kee Bësch ofgeholzt oder beschiedegt gouf. Mat där elo decidéierter Verlängerung géif dat Gesetz vun 2026 fir grouss Entreprisen a vun 2026 un fir kléng a mëttel Entreprisë gëllen.
Tilly Metz warnt virun Auswierkunge vun engem ofgeschwächte Gesetz
D’EU-Parlament huet sech dernieft fir Ännerungen am Gesetzestext ausgeschwat. D’Europadeputéiert vun der däitscher CDU hat sech dofir staark gemaach, datt d’Gesetz sollt méi industrie-frëndlech ginn. Enner anerem soll eng nei Kategorie fir Länner, déi “Null Risiko fir d’Deforestatioun” duerstellen agefouert ginn. Fir si géife keng oder méi labber Restriktioune gëllen.
Virun den Auswierkunge vun deene Labberungen haten am Virfeld Ëmweltorganisatiounen gewarnt. Schonn eng Verlängerung vum Delai hätt seriö negativ Auswierkungen, seet d’Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen.
“Wëssend, datt ee Joer Verlängerung, wou mer dat elo net a Kraaft setzen, dozou féiert, datt Honnertdausenden Hektare vu Bësch weider kënnen ofgeholzt ginn. Dat heescht, och déi Verlängerung vun engem Joer bréngt scho ganz vill Schued. Wann zousätzlech verschidde Länner als “Null Risiko” ageschat ginn, schued dat natierlech och deem Gesetz, wat sech jo géint d'Deforestatioun soll asetzen a wat mer onbedéngt brauchen, fir iergendwéi nach kënnen eis Klimaziler z’erreechen.”
Premiere bei EU-Gesetz: Majoritéit aus EVP a rietse Fraktiounen
Déi Propose, fir d’Gesetz ze labberen, goufen am Europaparlament mat ganz knapper Majoritéit ugeholl. Et ass déi éischte Kéier, datt bei engem legislativem Vott déi Majoritéit duerch Stëmme vun der Europäescher Vollekspartei mat deene vun de riets-konservativen a riets-extremen zesumme kënnt. D’Europadeputéiert vun de Sozialisten, vun de Liberalen (bis op déi vun der däitscher FDP), vun déi Gréng a vun déi Lenk hunn dergéint gestëmmt.
Fir de Marc Angel vun der LSAP huet sech d’EVP hei kloer géint déi pro-europäesch Koalitioun gestallt.
Ech si skandaliséiert, datt bei engem Text, bei engem Gesetz, wou mer en Accord haten an där leschter Legislaturperiod, elo d'EVP, deene Rietsextreemen noleeft, sech op deenen hir Säit setzt. Déi schéi pro-europäesch-demokratesch Koalitioun, déi d'Madamm von der Leyen ass versprach huet, ech froe mech wou déi ass?
CDU-Politikerin Schneider: "Von der Leyen-Koalitioun wollte keine Änderungen"
Interessanterweis war et den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen, also ee Member vun der EVP, deen als Rapporteur an deem Dossier am Numm vum Europaparlament den Text mat den EU-Memberlänner verhandelt hat.
Gëtt elo seng Aarbecht vu senger eegener Fraktioun desavouéiert? Neen, seet d’Christine Schneider vun der CDU, déi selwer déi Amendementer agereecht huet, am 100Komma7-Interview.
"Nein überhaupt nicht. Christophe Hansen hat hervorragend verhandelt in der letzten Legislaturperiode, da hatten wir noch ganz andere Mehrheiten. Er hat vieles verhindern können, was gerade die linke Seite im Parlament ins Gesetz reinbringen wollte. Mehr war damals nicht machbar."
Des Kéier huet dat geklappt, mat de Stëmme vu riets a riets-extrem. D’Christine Schneider wëll awer näischt dovu wëssen, datt d’EVP hei eng nei Koalitioun ageet.
"Ich habe sehr bedauert, dass es im Vorfeld nicht möglich war, dass wir uns in der Von-der-Leyen-Koalitioun darauf einigen konnten, Änderungsanträge einzubringen."
Trotzdeem huet d’EVP un hirem Plang, dat Gesetz ze verännere festgehalen. Dat wier néideg gewiescht, well een dat Gesetz huet missen “entbürokratiséieren” an et méi digest fir Entreprisë maache, sou d’Christine Schneider.
Onkloer, wéi et viru geet mam Gesetz
D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima war domat net d’Accord an huet géint d’Ännerungsvirschléi vun hirem Grupp gestëmmt. Si hat scho gëschter am 10,7-Interview gesot, datt si net dofir war, een Text, dee scho fäerdeg verhandelt war, nach eng Kéier op ze maachen.
Och de Charles Goerens vun der DP war géint d’Amendementer. Vun de Lëtzebuerger EU-Deputéiert huet sech just den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser hannert d’Ännerungschirschléi vun der EVP gestallt.
Wéi geet et viru mam Gesetz? Mam Vott vun haut ass den Delai am Fong rechtskräfteg. Fir den Text ze änneren, muss awer déi legislativ Prozedur nei ugestouss ginn. Dat heescht, datt d’Europäesch Kommissioun eng nei Propos maache muss, an dono och d’Memberlänner mussen domat d’Accord sinn.
D’EU-Kommissioun misst elo dee Vott am Europaparlament analyséieren, sou um Mëttwoch ee Spriecher vun der Kommissioun.