/ Neie Rapport weist: Klimawandel gëtt och eng Gefor fir d'Gesondheet
Europäescher Ëmweltagence EEA
Neie Rapport weist: Klimawandel gëtt och eng Gefor fir d'Gesondheet
De Klimawandel gëtt ëmmer méi zu enger Bedroung fir d‘Gesondheet. Dat ass ee Constat an engem neie Rapport vun der europäescher Ëmweltagence EEA. Duerch de Klimawandel géifen et ëmmer méi Wiederextreemer ginn, an déi hätte schwéier gesondheetlech Konsequenze fir d‘Mënschen.
Am Rapport, deen zu Kopenhagen presentéiert gouf, heescht et weider, datt duerch d‘Iwwerschwemmungen an Dréchenten, déi ëmmer méi zouhuelen, och d‘Waasserqualitéit ëmmer méi schlecht géif ginn. Krankheete géife sech doduerch méi séier verbreeden.
Déi europäesch Ëmweltagence fuerdert, datt méi séier misst gehandelt ginn, an datt d‘Länner sech besser koordinéiere missten.