Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  John Williams - The Flying Theme, aus 'E.T.' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Eng Rei Annulatioune bei den Zich tëscht Frankräich a Lëtzebuerg

Net genuch Personal

Eng Rei Annulatioune bei den Zich tëscht Frankräich a Lëtzebuerg

D’CFL hunn dës Woch eng Partie Zuchverbindungen annuléiert oder gekierzt, well et u Personal feelt. Tëscht Beetebuerg a Volmerange-les-Mines fiert just nach een Zuch an der Stonn. Tëscht Esch an Audun-le-Tiche fuere bis e Freideg inclus guer keng Zich an et ginn Ersatzbusser agesat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Rob Dammers play_arrow
Foto: Rob Dammers

Et ass eng ongewinnten Aktioun: D’CFL huet sech dozou verflicht gesinn, dës Woch Verbindungen ze sträichen, espektiv ze kierzen: Wéinst Personalmanktem, virun allem am Beräich vun den Zuchbegleeder, an och wéinst enger héijer Unzuel u Krankheetsfäll a scho laangfristeg geplangte Congésdeeg. Zwar goufen zejoert 25 nei Zuchbegleeder agestallt, mee déi hätten nach net déi néideg Formatiounen ofgeschloss, fir agesat kënnen ze ginn, seet d’Alessandra Nonnweiler, Spriecherin vun der CFL.

“A mir hunn do awer och nach zousätzlech Mesuren fir dëst Joer an déi kommend geholl, wou mir de Perimeter einfach erweideren beim Rekrutement. Mir stelle mëttlerweil och Mi-Temps an, a ginn och an de francophone Beräich.”

CFL: Sou wéineg wéi méiglech Passagéier impaktéieren

D’Erausfuerderunge wiere grouss wéinst der Situatioun vum Arbechtsmarché, wéi och wéinst dem Rekrutéiere vu bestëmmte Profiller, heescht et nach vun der CFL.

Wisou et grad d’Verbindungen un der lëtzebuergesch-franséischer Grenz trëfft, huet mat der Unzuel u Passagéier ze dinn, erkläert d’Alessandra Nonnweiler. Zil wier et gewiescht sou wéineg wéi méiglech Leit ze impaktéieren, sou d‘Pressespriecherin vun der CFL.

Aktuell schaffen 260 Zuchbegleeder bei der CFL. Ouni déi kënnen d’Zich aus Sécherheetsgrënn net fueren. D’nächst Joer solle weider 40 nei Zuchbegleeder hir Formatiounen ofschléissen. Domat sollt ee Personalmanktem, wéi dat dës Woch de Fall ass, net méi optrieden, sou nach d’Alessandra Nonnweiler vun der CFL.

Lauschterenplay_arrow