Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Nei Horairen: Liicht Upassunge beim CFL- an RGTR-Reseau

Mobilitéit

Nei Horairen: Liicht Upassunge beim CFL- an RGTR-Reseau

Zanter gëschter um Sonndeg gëlle fir d'Zich vun der CFL an d'Busser vum RGTR nei Horairen. Den 2. Sonndeg am Dezember ass traditionell deen Dag am Joer, wou déi nei Fuerpläng vun den europäeschen Eisebunnsgesellschaften a Kraaft trieden. Um Méindegmoien dierft deemno ville Leit opgefall sinn, datt hire Bus oder Zuch net esou fiert, wéi gewinnt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Ganz grouss Verännerunge ginn et kaum, dofir awer eng Rëtsch méi kleng Upassungen. Et goufe virun allem Verbindunge verbessert a Kapazitéiten erhéicht. D'Alessandra Nonnweiler, Pressespriecherin vun der CFL, erkläert, wourop een dëst Joer speziell gekuckt huet.

“Den Horaire 2024-2025 vun der CFL steet ganz am Zeeche vun enger weiderer Optimisatioun vun der Qualitéit vum Service um Client an dës Kéier hu mir och e besonneschen Effort un der grenziwwerschreidender Offer, déi mir gemaach hunn. Virun allem Lonkech an och Direktioun Däitschland oder Tréier."

Wichteg Upassung op der Linn 551

Am RGTR-Reseau, deen iwwer Land de Persounentransport assuréiert, goufe ronn ee Véierel vun den 200 Buslinnen ugepasst. Et huet een dobäi an eng änlech Richtung iwwerluecht, wéi bei der CFL, seet d'Annick Trmata, Directrice Adjointe vun der Administration des Transports Publics.

“Do profitéiere mir dovunner fir dann haaptsächlech d‘Offer och bei eis beim Busservice um ganzen RGTR-Reseau natierlech ze verbesseren am Sënn vun, datt d'Clientë méi Frequenzen hunn, aner Trajeten och vläicht kéinten upassen an am Allgemenge wierklech op d‘Suggestioune vun de Leit an och vun de Gemengen iergendwéi kënnen anzegoen op eise Linnen.”

Dës Suggestioune komme gären och mol vun de Frontalieren, déi sech ënner anerem wéinst der Upassung vum Tracé vun der Linn 551 tëschent Thionville Belval a Féiz freeën dierfte. Hei soll an Zukunft de Stau op der Autobunn ëmfuer ginn.

“Mir hate Fuerzäite vu bis zu 2 Stonnen am Fong geholl tëschent Thionville an dem Belval, deemno wéi eng Zäit, datt et war (...). Mir hunn dofir den Itineraire am Fong geholl ofgeännert, fir dann ze kucken, fir en anere Wee ze kréien. Theoretesch hu mir do lo een Horaire, wou mir op 47 Minutten am Planifié kommen.”

Déi néi Horairë vun den Zich a Busser kann een online iwwer de Site vun der Mobilitéit oder iwwer d'Mobilitéits-App um Handy consultéieren. Si sinn zanter gëschter um Sonndeg schonn a Kraaft.