Üblecherweis fënnt d'Quadripartite eng Kéier am Fréijoer an eng Kéier am Hierscht statt. Am Fréijoer wëllt ee sech virun allem e Bild maachen a bei där anerer konkreet Mesüren diskutéieren.
Finanziell Situatioun kéint däitlech besser sinn
Fir dës Quadripartite dierft dat besonnesch interessant ginn, well et ëm d'Finanze vun der CNS net zum Beschte bestallt ass.
2025 huet d'CNS gutt 100 Milliounen Euro méi ausginn, wéi se erakrut. Dëst Joer dierft den Defizit souguer nach méi héich ginn. Op der Fréijoers-Quadripartite ass vun 126,5 Milliounen Euro geschwat ginn, déi ënner dem Stréch kéinte feelen, wann d’Konte vun dësem Joer clôturéiert ginn.
En Defizit - och zwee Joer noeneen - ass net onbedéngt e Problem. De Problem ass éischter, datt keng Verbesserung en Vue ass.
Eng Reserv, déi net éiweg hale wäert
Den Defizit kann den Ament ëmmer nach mat Suen aus enger Reserv ausgeglach ginn. Éiweg wäert déi awer natierlech net hale kënnen. Dobäi kënnt och nach, datt et eng legal Obligatioun gëtt, déi seet, datt déi Reserv net ënner den Equivalent vun 10 Prozent vun de Jores-Ausgabe vun der CNS falen däerf (eppes méi wéi 500 Millioune wären dat aktuell).
An déi lescht Projektioune kommen zu der Conclusioun, datt déi 10 Prozent Enn 2027 net méi garantéiert wieren.
Recetten erop? Depensen erof? Oder béides?
Et muss eppes gemaach ginn an dofir schéngt et esou, wéi wann ee bei de Recetten, wéi och bei den Depensë wéilt eppes maachen.
Deemno kéinten d'Cotisatiounen eropgoen. Dat misst zwar den CNS-Verwaltungsrot in fine decidéieren, mee wann d'Quadripartite dat recommandéiert - a si wäert et héchstwarscheinlech recommandéieren - da gëtt et deemnächst och formell am Conseil d'administration vun der Gesondheetskeess esou decidéiert.
Keng dramatesch Erhéijung
Den eenzelen Assuré wäert déi Cotisatiouns-Erhéijung iwweregens net dramatesch spieren. Se soll nämlech just 0,125 Prozent vu senger Pai ausmaachen.
De Patron leet dann nach eemol dat selwecht drop, soudatt d’Cotisatioun fir den Eenzele vun 2,8 Prozent op 2,95 Prozent vum Salaire klëmmt, an am Total - wann een d’Part salariale an d’Part patronale zesummerechent - vu 5,6 Prozent op 5,85 Prozent.
De Staat iwwerhëlt dann de Rescht. Dat dierften ëm déi 40 Prozent sinn.
Wat soen d'Sozialpartner zu Erhéijungen?
Weder d'Gewerkschaften, nach d'Patronat si grouss Fans vu Cotisatiouns-Erhéijungen. Awer dierft béide bewosst sinn, datt eppes geschéie muss.
D'Gewerkschaften hunn da léiwer eng liicht Cotisatiouns-Erhéijung, wéi datt bei de Leeschtunge gekierzt gëtt. Wann d'Cotisatioun eropgeet trëfft dat Leit mat klenger Pai manner staark wéi Leit, déi vill verdéngen (well se jo prozentual gerechent gëtt).
Wann den Assuré awer manner fir eenzel Leeschtungen erëmkritt, dann deet dat deem, dee manner verdéngt méi wéi, wéi deem, dee vill kritt.
Patronat kéint just am Fall vu Géigemoossnamen zoustëmmen
D'Patronen hirersäits wäerten hir Zoustëmmung ofhängeg maache vun der Zouso, datt op där anerer Säit och no Méiglechkeete gesicht gëtt, fir Geld ze spueren.
Dono ass och an de leschte Méint an engem sougenannte Comité stratégique gesicht ginn. Dobäi eraus koum e ganze Package vu méigleche Spuermesuren, déi - souwäit dat méiglech war – am Konsens zeréckbehal goufen, déi elo de Mëtteg nach virgestallt an dann als Recommandatioun op de Wee geschéckt ginn.
Dat si Moossnamen, déi net vun haut op muer kënnen ëmgesat ginn, fir déi zum Deel och Gesetzer néideg sinn. A moyen terme solle si awer dozou bäidroen, dee strukturelle Problem vun den CNS-Finanzen ze léisen.
Cotisatioun eleng wäert wuel net fir den Equiliber suergen
Bis 2030, eventuell 2031, kéint eng méiglech Erhéijung de Budget vun der Gesondheetskeess an den Equiliber bréngen. Ënner der Konditioun, datt bis dohin näischt geschitt an den Aarbechtsmarché weider wiisst.