Gesondheetssecteur

Ufank nächst Joer éischt konkret Projete fir de Gesondheetssecteur besser opzestellen

Gëschter hat d'Martine Deprez eng Entrevue mat de Vertrieder vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, de Spidolsdokteren an dem Cercle des Médecins généralistes. Eraus komm wier, datt ee weider an Aarbechtsgruppen un de Probleemer am Secteur wéilt schaffen.

auto_stories

2 min

D'Martine Deprez | © Radio 100,7
D'Martine Deprez (Foto: Radio 100,7)

D’Pisten, déi een an den Aarbechtsgruppe géif diskutéieren, wieren, genee wéi d’Aarbechtsgruppe selwer, net nei, huet d’Martine Deprez am 100,7-Interview erkläert.

"Dat ass e Fonds des altéas thérapeutiques. Dat ass nei Opstellung vun de Soins primären. Dat ass déi Auslagung vu verschiddenen Akten an den Extrahospitalier, wou de Projet de loi schonn ënnerwee ass. Dat ass d'Societéitegesetz." 

Schonn zënter Januar géif an den Aarbechtsgruppen geschafft a konstruktiv diskutéiert ginn.

Spidolsdoktere solle matschaffen

D’Associatioun vun de Spidolsdoktere war gëschter eng éischte Kéier dobäi a soll an den Aarbechtsgruppe matschaffen. D’Martine Deprez betount, datt dat awer net wier, well si d’Doktere wéilt splécken.

"An deem Grupp, wou mer iwwer d'Spidolsgesetz schwätze fir verschidden Akten aus dem Spidol eraus méi no bei de Patient ze bréngen, hu si hir Roll ze spillen. Well si musse matdenken, wat mécht Sënn, wat mécht kee Sënn."

Iwwer d’Konventioun tëschent der Gesondheetskeess CNS an der AMMD gouf an der Reunioun gëschter net geschwat. Déi war jo viru ronn engem Mount ausgelaf.

Konventioune wichteg, mee fir Patient ännert näischt

Op d’Fro, ob d’Martine Deprez sech virstelle kéint, déi mat engem aneren Acteur wéi der AMMD ze verhandele, sot si: 

"Am Code de la Sécurité sociale steet net dran, datt et muss d'AMMD sinn. An d'Code steet dran, et muss eng representativ Associatioun si vum Secteur, an da muss gegeebenefalls d'CNS kucken, wien ass da representativ am Secteur."

D’Gesondheetsministesch huet op en Neits betount, datt sech ouni d’Konventioun näischt fir de Patient ännert an datt eng Konventioun awer wichteg wier.

"Wann elo d'Partner mengen, et misst een Artikel vun der Konventioun geännert ginn, et misst een neie Formulair ausgeschafft ginn, et kënnt a Prestatioun derbäi, da si mer méi flexibel wann dat an enger Konventioun steet."

Déi nächst Reuniounen tëschent de Parties prenantes wier fir geschwë geplangt. Am Dezember wéilt d’Gesondheetsministesch nach eng Kéier de point maachen.