International

Eng ukrainesch Dron ass an de Loftraum vum NATO-Partner Bulgarien agedrongen

D'Dron ass um Terrain vum EU- an NATO-Memberland explodéiert, dat no un der Grenz mat Rumänien. Et géif kee Grond ginn unzehuelen, datt d'Dron express an de bulgaresche Loftraum agedroen ass, heescht et aus Kiew. Déi ukrainesch Autoritéiten hu Bulgarie verséchert de Virfall opzeklären.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati
(Foto: picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati)

De russesche President Wladimir Putin kéint an den nächste Jore probéieren, d‘Entschlossenheet vun der NATO ze testen, dat mat enger begrenzter Attack op en NATO Memberstaat.

Destabiliséierung vum NATO-Bündnis

Dëst geet aus Recherchë vum Wall Street Journal an CNN ervir. Si beruffen sech dobäi op Informatioune vum amerikanesch Geheimdéngscht. Hei géifen Zenarie beschriwwen,  déi vu Cyberattacken, bis hin zu enger klenger Interventioun reechen.

D‘Ziel vun esou enger Attack wier kloer d‘Spléckung vun der NATO.