Krich an der Ukrain

Zënse vun agefruere russesche Gelder: D'Ukrain kritt 1,4 Milliarden Euro

D‘Ukrain ka mat engem weidere Support a Milliarden-Héischt aus dem Gewënn vun den agefruere russesche Gelder rechnen. Wéi d‘EU-Kommissioun matdeelt, kann eng weider Tranche vun 1,4 Milliarden Euro aus den Zënse vun den immobiliséierte Verméigenswäerter vun der russescher Zentralbank ausbezuelt ginn.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Dës Sue sollen an déi lafend Ënnerstëtzung fir d'Ukrain fléissen. Et ass schonn déi fënneft Tranche aus dësem Mechanismus.

Déi russesch Verméige selwer bleiwen zwar blockéiert, d‘Zënsen dorop stinn der EU no awer net Russland zou. Zënter der Aféierung vun de Sanktioune sinn esou schonn insgesamt ronn aacht Milliarden Euro un aussergewéinleche Benefisser zesumme komm.