Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Franz Danzi - Celloduo no enger Melodie aus dem Mozart senger Oper 'Die Zauberflöte' Nr.19 - Françoise Groben (Cello), Gabriele Starke (Cello)

play_arrow Live
opus

/ EuGH-Urteel: UEFA verléiert am Sträit ëm d'Super League

Fussball

EuGH-Urteel: UEFA verléiert am Sträit ëm d'Super League

Am Sträit ëm déi sougenannte Super-League huet d‘UEFA virum Europäesche Geriichtshaff verluer. FIFA an UEFA mussen deemno och akzeptéieren, datt Veräiner u Kompetitiounen deel huelen, déi net vun hinnen organiséiert sinn.

auto_stories

1 min

Dat géif allerdéngs nach net heeschen, datt eng Super League prinzipiell autoriséiert wier, sou d‘Riichter. 2021 haten déi grouss europäesch Veräiner wéi Real Madrid, Barcelona a Juventus Turin ugekënnegt, eng eege Super League ze grënnen.

D‘UEFA hat dunn domadder gedreet, datt d‘Spiller an d‘Veräiner vun internationale Kompetitioune géifen ausgeschloss ginn. D‘Iddi war domadder virleefeg vum Dësch.