Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ AfD Spëtzekandidat fir Europawalen trëtt zeréck

No Aussoe iwwer SS-Uniform

AfD Spëtzekandidat fir Europawalen trëtt zeréck

Gutt zwou Woche virun den Europawalen ass den ëmstriddene Spëtzekandidat vun der däitscher AfD zréckgetrueden. De Maximilian Krah huet op X annoncéiert, datt hie sech aus der Parteispëtzt zréckzitt an och net méi weider am Walkampf géif optrieden.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

Do virdrun hat d‘Parteispëtzt vun der AfD en Optrëttsverbuet fir de Krah verhaangen. Hannergrond war eng Ausso vum Spëtzekandidat vun der AfD, Maximilian Krah, leschte Weekend. Hien hat an engem Interview mat der italieenescher Zeitung La Repubblica gesot, datt net all Membere vun der SS kriminell gewiescht wieren.

Am Europaparlament wäerten déi zwou riets-extreem Parteie Rassemblement national an AfD net méi zesummeschaffen. Déi Decisioun hätt de Jordan Bardella, President vum Rassemblement national a Spëtzekandidat fir d'Europawalen, getraff, huet säi Spriecher erkläert. Domat verléiert d’Alternative für Deutschland ee vun hire wichtegste Partner am EU-Parlament.