Aus den USA sinn den Ausseminister Marco Rubio an de Spezialemissär vum President Trump, Steve Witkoff, an déi franséisch Haaptstad komm.
De Steve Witkoff hat d’lescht Woch op en Neits de russesche President Wladimir Putin gesinn. De Steve Witkoff soll zu Paräis mam President Emmanuel Macron zesumme kommen, wärend de Marco Rubio just, tëschent Gänseféisercher, säin Homolog Jean-Noël Barrot gesäit.
USA lauschtert op Russland
Aus dem amerikaneschen Ausseministère heescht et, dës Gespréicher sollen hëllefen, fir dem President Trump säin Zil virunzedreiwen, de Krich op en Enn ze bréngen an d’Bluttvergéissen ze stoppen.
De President Trump wëllt e séiert Enn vum Krich an nees besser Relatioune mat Russland. Souwuel den Donald Trump, ewéi och de Steve Witkoff haten no Kontakter mam Wladimir Putin betount, datt deen hirer Meenung no Fridde wéilt. Si wëllen d’Ukrain éischter ënner Drock setzen, well Kiew an hiren Aen dee Krich net gewanne kéint.
Europa wëllt d’Ukrain stäerken
Dogéint wëllen d’Europäer - an do virun allem Frankräich a Groussbritannien, déi zwou Atommuechten - d’Ukrain viru Friddensverhandlunge méiglechst staark maachen a se militäresch ënnerstëtzen.
Paräis a London wëllen d’Sécherheet vun der Ukrain an Zukunft och duerch Zaldoten aus europäesche Länner ofsécheren. Dobäi dierft et an der Haaptsaach ëm eng Formatiouns- an Equipementsmissioun fir d’ukrainesch Arméi wäit vun der Front ewech goen.
Russland ass awer dogéint, datt europäesch Truppen aus NATO-Länner an d’Ukrain kommen. Woubäi sech d’Europäer dat bis elo och net sou richteg trauen, wann hir Missioun net vun den USA ofgeséchert wier.