Radioen

On air

Notturno  |  Jean-Philippe Rameau - Ariette 'Règne Amour', aus 'Pigmalion' (Oper) - Anders J. Dahlin (Tenor), L'Orfeo Barockorchester, Michi Gaigg (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ex-President widdersetzt sech senger Verhaftung

Südkorea

Ex-President widdersetzt sech senger Verhaftung

Den ofgesate südkoreanesche President Yoon Suk Yeol widdersetzt sech weider senger Verhaftung. Hien huet sech och haut um Donneschdeg weider a senger Residenz zu Seoul verschanzt.

auto_stories

1 min

Foto: Thibault/Adobe Stock

E Geriicht hat virgëschter op Silvester een Haftbefeel géint den ofgesate President erausginn. Dat an Zesummenhang mat sengem gescheiterte Versuch ugangs Dezember fir d‘Krichsrecht a Südkorea ze imposéieren.

Géint de President gëtt wéinst ënner anerem Korruptioun enquêtéiert. D‘Enquêteuren hunn elo nach bis de 6. Januar Zäit, hie festzehuelen. Viru senger Residenz zu Seoul hunn Honnerte Leit sech versammelt, dorënner Supporteren, mee och Géigner vum ofgesate südkoreanesche President.