Militär

Fraen an der Arméi: Gëtt versicht den Taux eropzekréien, a wa jo, wéi?

D'Lëtzebuerger Arméi huet dëst Joer esou vill Fraen opgeholl wéi zënter 20 Joer net méi. Vun de 56 Rekrutten, déi d'Grondausbildung bei der Arméi gepackt hunn, sinn et genee siwe Fraen. Dat kléngt op den éischte Bléck no net vill, gëtt awer als positiv Entwécklung gedeit.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Lëtzebuerger Arméi play_arrow
(Foto: Lëtzebuerger Arméi)

7 vu 56 –  also 12 Prozent - dat ass den héchsten Taux u Rekruttinnen zënter 20 Joer. Allerdéngs bleiwe Fraen nach ëmmer eng Minoritéit um Härebierg. Manner wéi 10 Prozent vun den Zaldote si weiblech, bei dem ziville Personal sinn et der méi wéi duebel souvill.

An de leschte Joren huet sech d’Arméi d’Zil gesat méi Fraen ze rekrutéieren. Iwwer déi lescht 20 Joer ass den Taux vu Fraen um Härebierg liicht geklommen, ëm ronn véier Prozent.

Duerch eng ugepasste Sprooch Fraen unzéien

Fir dës Hausse weider eropzedreiwen – a fir datt also och an Zukunft méi nei weiblech Rekrutte vereedegt ginn – géif d‘Lëtzebuerger Arméi weider u sech schaffen, seet d’DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes.

"Ech hoffen, datt et keen eemolege Fall ass. Ech mengen hei sinn ech ganz zefridde mat dësem Recrutement an dem Fait, datt mir vu 56 neie Recrutéierte siwe Fraen hunn. Fir mech ass dat ganz wichteg."

Dofir hätt een och d'Kommunikatioun an de leschte Jore geännert, esou d'Ministesch.

"Mir wëllen inklusive Langage hunn, datt een och kloer weist via d'Ausschreiwunge vu Posten zum Beispill, datt mir hei net just Männer sichen. Mir siche Männer, mir siche Fraen, mir siche ganz vill verschidden Talenter an eiser Arméi."

D’Arméi géif sech kompetent Personal onofhängeg vun hirem Geschlecht wënschen, esou nach d'DP-Ministesch. Dowéinst wier et wichteg och an den Ausschreiwunge vu Posten eng Sprooch ze benotzen, déi eeben net just op männlech Kandidaten zougeschnidde wier.

Beruff vum Zaldot ëmmer manner beléift

De Rekrutement vun neien Zaldote wier generell duerch déi aktuell global Konflikter just nach méi schwiereg ginn. Virun allem no der russescher Attack op d'Ukrain hätt den Interessi vum Beruff Zaldot generell nogelooss, bei de Männer wéi bei de Fraen. Déi personell Erweiderung vun der Arméi wier awer grad elo wichteg, esou d'Yuriko Backes.

"Ech menge mir sti vun enormen Defien. Mir musse rekrutéieren. An Zäite vu Krich an Europa ass et natierlech net esou einfach fir ze rekrutéieren. D'Sécherheetssituatioun huet sech verännert. An ech mengen do ass et och un eis fir ze erklären, firwat et wichteg ass, eng gutt opgestallten Arméi ze hunn. An déi brauch Fraen a Männer. Dat ass e ganz nobele Beruff. An ech mengen, dat ass och de Message, dee mir musse weider vehiculéieren.”

Fir den Arméi-Chef Steve Thull muss virun allem an der Kommunikatioun nach vill geschéien, fir datt d’Unzuel vun Zaldotinne weider klëmmt.

“Ech denke mat deenen Efforten, wou mir amgaange sinn ze maachen, si mir gutt ënnerwee. Dat wat schlussendlech muss gemaach ginn, si genee déi selwecht Aarbechten. D'Fro, déi sech éischter stellt, ass den Job vum Zaldot, vun der Zaldotin, en Job, dee bekannt ass ënner de Fraen, als een, deen och vun hinne wouer ka geholl ginn."

Aller Anfang wier schwéier, esou nach de Steve Thull, deen awer zouversiichtlech ass, datt een e méi attraktiivt Aarbechtsëmfeld geschafen hätt, dat och zu méi Diversitéit géif féieren.

© Lëtzebuerger Arméi
(Foto: Lëtzebuerger Arméi)

Besser Viraussetzunge fir all d'Zaldoten

Besser Paien an eng vereinfacht Grondausbildung solle méi Rekrutten uschwätzen – vun alle Geschlechter. Konkreet Mesurë fir geziilt Fraen ze rekrutéiere ginn et awer keng.

"Ech hoffe jo, datt mat all deenen Efforten, wou mir maachen, fir d'Arméi méi attraktiv fir d'Fraen ze gestalten, datt mir kënnen esou weiderfueren. Mir maachen op jiddefalls alles, fir datt d'Frae sech bei eis och kënne wuelfillen a mir hunn och Aarbechten, déi och vu Fraen definitiv kënne gemaach ginn. Et ass net nëmme just eleng fir d'Männer, mee d'Arméi ass am Fong geholl fir jiddwereen do an dofir freeë mir eis, fir jiddwereen, wou do ass."

Obwuel Fraen nach ëmmer just eng kleng Unzuel vun den Zaldotinnen ausmaachen, maachen der vill Karriär an der Arméi. Ëmmerhi si 15 Prozent vun allen Offizéier weiblech. Dat sinn der 7 Mol esou vill wéi nach virun zwee Joerzéngten. 

Lauschterenplay_arrow