Gëschter um Méindegowend a leschte Freideg si gréisser Dronen an der Géigend vum Findel gesi ginn. De Fluchtrafick huet dorops hi musse kuerz ënnerbrach ginn.
Fir de Paul Reuter, Comitésmember vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Linnepiloten, ass dat e Problem, deen an Zukunft méi dacks optriede wäert. Bei hirer Formatioun géif een zwar op d'Theema Drone sensibiliséiert ginn, an der Praxis awer wier et ganz schwiereg, deene klengen Objeten auszewäichen.
Drone kënnen zolitte Schued hannerloossen
Och eng technesch Detektioun aus dem Fliger eraus géif et net ginn. Wat am Fall vun enger Kollisioun tëschent Fliger an Dron géif geschéien, géif vu ville Facteuren ofhänken.
"Dat hänkt vun der Vitess vum Fliger of. Dat hänkt vun der Gréisst vun der Dron of. An da wou d'Dron aschléit, datt et geféierlech ass natierlech, wann eng Dron an ee Motor geréit."
Dronen hätten nämlech Lithium-Akkuen an déi wiere relativ zolitt, erkläert de Pilot.
"Wann e Fliger mat 250 Stonnekilometer dohierkënnt, an déi Dron ass och stationär, dat ass en Impakt vun 250 Stonnekilometer vun enger zwar relativ klenger, mee zolitter Mass. An déi wäert sécherlech e ganz zolitte Schued um Motor och verursaachen."
D'Sensibiliséierung vun den Dronebesëtzer:innen, d'Ariichte vu Fluchverbuedszonen an technesch Ofwiermesüre wieren an Zukunuft néideg, seet de Paul Reuter.
Arméi ass Deel vun der Cellule d'évaluation
Am 100,7-Interview erkläert de Chef vun der Arméi, de Steve Thull, datt d’Arméi Deel vun der Cellule d’évaluation ass, genee wéi och d’Police. Bis elo wieren hir Moyenen duergaang fir d’Situatioun “ënner Kontroll” ze halen.
“Mir hunn net mat Moyene vun der Arméi missen aschreiden. (...) Mir hu Koordinatioune mat Partner-Länner lafen, mat der NATO selwer, mee bis elo ass dat net gebraucht ginn.”
Wat genee d’Moyene vun der Police sinn, dozou wollt hie sech net äusseren.
Populatioun soll veronséchert ginn
D’Bedroung wier allerdéngs net esou grouss, datt d’Arméi elo misst agräifen, betount de Steve Thull.
“Et geet absolut keng Gefor direkt fir d’Populatioun aus.”
Et misst een déi Virfäll an de Kontext vun aneren Incidenten am Ausland setzen. Zu Leipzig wiere beispillsweis geziilt Logistik-Infrastrukture viséiert ginn. Hei am Land wier et éischter, fir d’Bevëlkerung onroueg ze maachen.
Am Tageblatt an am Quotidien hunn zwee Dronen-Experten, déi anonym bleiwe wollten, d’Thees vertrueden, datt d’Dronen zu Lëtzebuerg hu misse gestart ginn, well se net esouwäit fléie kéinten.
Wéi dës Experten un esou Informatioune kéimen, wéisst de Steve Thull net. Als Arméi kéint ee keng Theorien an de Raum geheien.
“Als Administratioun vum Staat musse mir eis 100 Prozent sécher si wa mir eppes dozou soen. Mir kënne keng Mutmassunge maachen.”
Ausbau vun Ofwiersystem: "Do stelle sech nach e ganze Koup Froen"
En Droneplang ass ënnerwee an et sollen och méi finanziell Mëttel an d’Detektioun an Ofwier vun Drone gestach ginn. De Steve Thull betount awer, datt d’Entwécklung op deem Gebitt rasant viru geet. Eppes, wat een haut keeft, kéint muer schonn nees al sinn.
Lëtzebuerg géing och schonn iwwer Ofwiersystemer verfügen. Elo misst awer gekuckt ginn, wéi dës sollen ausgebaut ginn.
“Do stelle sech e ganze Koup Froen hannendrun. Et gi Moyene fir Dronen am Elektromagnéitesche Raum ze stéieren. Et gi Moyene fir se kineetesch rofzehuelen.”
E credibele Partner
Dem Steve Thull säi Mandat geet och am internationale Kontext gekuckt wärend enger schwiereger Zäit op en Enn. Wéi awer huet hien aus senger Siicht d’Arméi gepräägt?
Dem Generol war et ëmmer wichteg, als klengste Militärpartner an der NATO eng “credibel Trupp” ze hunn. Dofir muss eng Arméi operationell sinn.
“Hannendru brauch ee Prozeduren a Gesetzer fir kloer ze maachen, datt ee seng Aufgabe seriö hëlt. Dorop hunn ech incitéiert, datt eis Leit all appreciéiert ginn.”
Grouss Efforte sinn och beim Equipement gemaach ginn. D’Arméi kann elo och Rakéiten- a Loftofwiersystem benotzen. All dat soll kënne “propper agesat ginn”, fir datt sech d’NATO-Partner op de Lëtzebuerger Zaldot verloosse kënnen.
D’Arméi ass och ëmmer nees um Rekrutéieren. Aktuell gëtt et e Plan pluriannuell, de bis 2025 geet. Wann deem Rechnung gedroe gëtt wat d’NATO virgëtt, da muss ee bis 2025 op 2.100 Leit an der Arméi kommen. Aktuell ass een zu 1.450. Wou de Steve Thull säi Mandat ugefaangen hat war ee bei knapp 1.000
Reaktioun op d'Fuerderung evun der SPAL
Gëschter huet d’Arméisgewerkschaft SPAL d’Attraktivitéit vun der Karriär bei der Arméi a Fro gestallt. Si fuerderen och Crèchen an Déngschtwunnengen.
Mat der Diversifikatioun vun der Arméi hätt een aktuell 115 verschidde Beruffer unzebidden, betount de Steve Thull. D’Arméi wéier a sengen Aen also attraktiv.
Hie gëtt der SPAL awer Recht, datt d’Work-life-balance net ëmmer garantéiert ka ginn, zumools fir Leit, déi um Terrain aktiv sinn.
Iwwerdeems hätt ee schonn eng Kéier gekuckt, wier eng Crèche op Dikrech ze kréien, mee deemools wier d’Zuel vun den Intressenten net grouss gewiescht, well déi meescht Leit guer net do wunnen.
Den 1. Oktober 2026 geet de Steve Thull also an d’Pensioun. Säin Nofollger gëtt de Claude Robinet.