Radioen

On air

  |  Edvard Grieg - Norwegesch Dänz, Op. 35, II. Allegretto tranquillo e grazioso - Gothenburg Symphony Orchestra, Neeme Järvi (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Franz héich 2

En Zesummespill vun däitscher a schwedescher Romantik

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

auto_stories

2 min

headphones

127 min

Herbert Blumstedt | © Matthias Creutziger play_arrow
Herbert Blumstedt (Foto: Matthias Creutziger)

Souwuel de Franz Schubert wéi och de Franz Berwald ware Komponisten, deenen hiert Liewenswierk réischt laang no hirem Doud wierklech opgeschafft, gespillt a wäertgeschat gouf. Déi zwee verbënnt nieft hirem Numm a Schicksal awer och d'Verbonnenheet mat der romantescher Klangwelt. De Schubert huet sech laang Zäit éischter mat klenge Besetzunge wéi Pianosstécker oder Lieder beschäftegt an ass bis haut virrangeg fir dës bekannt. Seng Sinfonië sinn Zäit senges Liewens bal guer net ëffentlech opgefouert ginn, sou datt hien se zimmlech sécher ni selwer materlieft huet. Och dem Berwald seng Wierker goufen a Schwede laang net appreciéiert, sou gouf och seng "Sinfonie capricieuse" méi wéi 70 Joer no hirer Entsteeung uropgefouert.  

Béid Sinfonien, dem Schubert seng "Kleng an Do Majeur" an dem Berwald seng "Sinfonie capricieuse" iwwerzeegen nieft hirem romantesche Gehalt duerch hir Sprëtzegkeet a fulminant-feierlech Passagen. Interpretéiert ginn dës zwee net sou dacks gespillte Wierker vum Swedish Radio Symphony Orchestra ënnert der Leedung vum Herbert Blomstedt. Dëse Live-Matschnëtt ass vu Sveriges Radio an der Berwaldhallen opgeholl ginn.

Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis de 27. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7. 

Programm:

• Franz Schubert (1797-1828): Sinfonie Nr. 6 an Do Majeur, D. 589 
• Franz Berwald (1796-1868): Sinfonie Nr. 2 a Ré Majeur ("Capricieuse") 

Interpreten:

• Swedisch Radio Symphony Orchestra 
• Herbert Blomstedt, Direktioun 

Lauschterenplay_arrow