Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Zäitrees an d’Wiener Klassik

Meeschterwierker vu Mozart a Beethoven

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vum Mozart a Beethoven.

auto_stories

1 min

headphones

125 min

Wien | © Alisa Anton play_arrow
Wien (Foto: Alisa Anton)

E liewegen, jo bal gléckleche Museksstil stoung am Mëttelpunkt vun der Wiener Klassik, der Zäit tëscht 1750 an 1825. Esou huet de Wolfgang Amadeus Mozart beispillsweis bal alleguerte vu sengen 41 Sinfonien a méi hell kléngenden Dur-Tounaarte geschriwwen.
Weder de Mozart, nach de Beethoven sinn zu Wien opgewuess, an awer hunn si déi éisträichesch Haaptstad staark gepräägt. An dësem Matschnëtt vun engem Concert vum nationale rumänesche Radio Orchester vum 19. Januar 2024, héiere mir Wierker, déi déi zwee Komponiste geschriwwen hunn, wéi si zu Wien gewunnt hunn.

Presentéiert gett dëse Concert vum Tanja Duprez, an dir kënnt en nach bis den 29. Abrëll an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm: 

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr.39 a Mi bémol Majeur, K. 543 
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Piano Nr.5 a Mi bémol Majeur, Op. 73 "Emperor"

Interpreten:

Romanian Radio National Orchestra
Katharina Wincor, Direktioun
Mihai Ritivoiu, Piano

Lauschterenplay_arrow