Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg verléiert 1:0 géint Bulgarien

Nations League

Lëtzebuerg verléiert 1:0 géint Bulgarien

Lëtzebuerg verléiert mat 1:0 heiheem géint Bulgarien an ass domat als Gruppeleschte vun hirer Nations League Grupp confirméiert. Trotz enger Rëtsch u Goalchancen huet de Ball säi Wee awer net an de bulgaresche Filet fonnt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner

Den Nationaltrainer Luc Holtz ass trotzdeem net onzefridde mat senger Equipe. 

"Wann ee mech kennt, da sinn dat doten Defaiten, wou ech awer enttäuscht sinn iwwer d'Resultat, an awer op där anerer Säit sinn ech houfreg iwwert d’ Aart a Weis wéi Fussball gespillt ginn ass."

D'Aart a Weis wéi gespillt gëtt, wier fir hien dat Allerwichtegst.

E Méinden treffen d’ Rout Léiwen heiheem dann nach op Nordirland. Fir d‘Nordire geet et dobäi nach ëm den Opstig an d’ Liga B vun der Nations League. Ganz ëm näischt geet et fir d’ FLF-Selectioun allerdéngs och net, well déi zwee bescht Gruppelescht nach e Barrage ëm de Maintien an der Nations League Grupp C spillen.