Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ EZB-Leetzëns: Gaston Reinesch erwaart sech weider Zënsbaissen

Wirtschaft a Finanzen

EZB-Leetzëns: Gaston Reinesch erwaart sech weider Zënsbaissen

Déi Europäesch Zentralbank huet gëschter um Donneschdeg zu Frankfurt decidéiert, hir Leetzënsen nach eng Kéier ëm 0,25 Prozentpunkten erofzesetzen. Bei där Sëtzung vum EZB-Conseil war och de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank, de Gaston Reinesch, derbäi. Hie geet vu weideren Zënsbaissen aus.

auto_stories

3 min

De Gaston Reinesch ass Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank. (Foto: radio 100,7)

D'Zënse waren d'lescht Joer jo staark geklommen. Mee dëst Joer huet dat sech geännert: D'EZB huet elo fir déi véierte Kéier dëst Joer eng Baisse decidéiert, an den Haaptleetzëns läit elo nach bei 3 Prozent. 

Manner Inflatioun "op eng sustainable Aart a Weis"

Et gesäit also esou aus, wéi wa laangfristeg gekuckt eng Zäit mat méi niddregen Zënse bevirsteet. Dat, well d'Zënspolitik vun der EZB mat der Inflatioun verbonnen ass, an d'Präisdeierecht goung nees erof. Si läit den Ament bei 2,3 Prozent am Euroraum. Wann d'Inflatioun niddereg ass, kann d'EZB sech Zënsbaissen erlaben, fir d'Wirtschaft unzekuerbelen.

De Gaston Reinesch erwaart sech, datt d'Inflatioun weider wäert erofgoen, fir der Bank hiert Zil vun 2 Prozent ze erreechen.

"An do si mir um gudde Wee, dat Zil ze erreechen. Wann een elo d'Projektioune kuckt, déi och dem Governing Conseil presentéiert si ginn, kann een dovun ausgoen, dass mir iergendwéi, loosse mir soen, am Ufank vum Fréijoer d'nächst Joer, op déi 2 Prozent wäerte plus ou moins - op eng sustainable Aart a Weis - kommen"

De Gaston Reinesch betount awer: Dat wier e Basis-Zenario, an et géing vill Onsécherheete ginn. Nei US-Tariffer ënner dem President Donald Trump an déi politesch Onsécherheet a Frankräich an Däitschland zum Beispill. Dofir nuancéiert de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank.

"Mee wann elo keen exceptionellt Phenomeen sech entwéckelt am Kader vun esou Onsécherheeten an deem Zenario, kann een effektiv hoffen, dass mir am Ufank vum Fréijoer d'nächst Joer dat Zil vun 2 Prozent wäerten erreechen."

Ginn d'Banken d'Zënsbaisse virun?

De Gaston Reinesch geet vu weideren Zënsbaissen aus. Wann een nämlech bis op deem Zil vun 2 Prozent wier, da wier et net "total de-raisonabel", datt den Zënssaz, deen aktuell bei 3 Prozent läit, etappeweis géif erofgoen, "bis ufanks Fréijoer, d'nächst Joer, op 2,5 Prozent".

D'Fro, déi sech natierlech stellt: Wäerten d'Banken zu Lëtzebuerg dat un hir Clientë weiderginn? Dem Gaston Reinesch no misst dat de Fall sinn. Ufank Juni wier een nämlech bei 4 Prozent gewiescht, haut ass ee bei 3. Dofir kéint een dovunner ausgoen, datt den Taux weider erofgeet. Deen hätt nämlech och een Impakt op déi kuerzfristeg Zënsen an op d'Mäert, déi dann erëm een Impakt op déi laangfristeg Zënsen an op d'Mäert hunn. 

"An déi méi mëttel- a laangfristeg si jo och déi Tauxen, déi Dir elo hei uschwätzt, wat zum Beispill d'Taux-hypothecairen ubelaangt. Also kann een dovun ausgoen, dass déi Taux-hypothecairen och nach an den nächste Méint - ënner menger Hypothees, dass näischt Gréisseres a Schlëmmeres geschitt - wäerten déi och nach déi nächst Méint dann erofgeholl ginn."

Der EZB hir Aschätzunge vun der Wirtschaft, dem Wirtschaftswuesstem an dem allgemeng wirtschaftlechen Ëmfeld sinn awer net esou positiv.

Dës goufe souguer no ënne revidéiert, op 0,7 Prozent dëst, an 1,1 Prozent d'nächst Joer. Dat eeben och ënner anerem wéinst dem onsécheren Ëmfeld, vun deem de Gaston Reinesch geschwat huet. D'EZB  bleift den Ament nach bei enger "restriktiver" Geldpolitik, wéi d'Presidentin Christine Lagarde op hirer Pressekonferenz sot. A bei der Inflatioun wier een um gudde Mee, sot si nach. Mee et wier nach net "Mission accomplished".