Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Tomaso Albinoni - Sinfonia, La Starita - La Serenissima, Red Priest

play_arrow Live
opus

/ Onbezuelte Paie bei Liberty Steel: Gewerkschafte maachen Drock

Appell un d'EU-Kommissioun

Onbezuelte Paie bei Liberty Steel: Gewerkschafte maachen Drock

Déi 150 Salariéë vu Liberty Steel zu Diddeleng hu bis ewell hir Paie fir November net kritt. Dorop weisen d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB an engem Communiqué hin.

auto_stories

1 min

De Grupp kéint weider net soen, wéini bezuelt gëtt. D'Gewerkschaften appelléieren un d‘EU-Kommissioun an d‘EU-Memberlänner, datt séier eppes soll um Site vu Liberty Steel zu Diddeleng gemaach ginn.

De Betrib läit zënter 2 Joer brooch: 150 Salariéë sinn an enger grousser Onsécherheet, ob si hir Paien ausbezuelt kréien oder net.