Educatioun

Geet eng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer fir Ofbréch ze reduzéieren?

Schüler:inne musse vun dëser Rentrée un an d’Schoul goen oder eng Beruffsausbildung maachen, bis si volljäreg sinn. Dat neit Gesetz zur Schoulflicht trëtt dëst Schouljoer a Kraaft a gëllt fir Schüler:innen, déi virum 1. September 2026 nach keng 17 Joer haten.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk play_arrow
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Bis elo huet d'Schoulflicht prinzipiell mam 16. Liewensjoer opgehalen. D'Regierung hofft mam Eropsetze vum Alter den Taux un Décrocheuren ze reduzéieren. Mee geet eng Obligatioun fir an d'Schoul ze goen eleng duer?  

Ënner dem europäesche Referenzwäert, mee d'Zuele klammen

Ronn 8 Prozent vun alle Schüler:innen hu jeeweils iwwer déi lescht fënnef Joer d'Schoul ouni en Diplom verlooss. Dat geet aus dem neitste Rapport iwwer jonk Décrocheure vum Educatiounsministère ervir. 

Zwar läit de Grand-Duché domat nach ënner dem europäesche Referenzwäert vun 9 Prozent, mee den Taux zu Lëtzebuerg ass iwwer déi lescht Jore stabel bliwwen, respektiv souguer liicht geklommen.

D'Regierung hofft also mat der Reform vun der Schoulflicht deem elo entgéint wierken ze kënnen, erkläert den Educatiounsfuerscher Thomas Lenz vun der uni.lu.

"Das Ziel von einer solchen Maassnahme ist ja typescherweise, dass man Schulabbrüche reduziert und damit dann mehr Jugendliche zu einem Schulabschluss oder zu einem Beruffsabschluss führen kann."

International probéiert een et och

Lëtzebuerg ass mat der Aféierung vun enger Schoulflicht bis 18 Joer net eleng. An Däitschland gëllt an de meeschte Bundeslänner no der Vollzäitschoulflicht eng Beruffsschoulflicht. A Frankräich gëtt et zënter 2020 eng Formatiounsflicht bis 18 Joer.

Verschidden international Erfarunge weisen awer, datt eng méi laang Schoulflicht eleng net duergeet, fir ee positiven Impakt op beispillsweis den Aarbechtsmaart ze spieren. An Éisträich zum Beispill, wou och viru gutt 10 Joer eng Schoulflicht bis 18 Joer agefouert gouf, weisen d'Evaluatiounen zwar liicht positiv Effekter op d'Ausbildungsquot an den Iwwergank op den Aarbechtsmaart.

Entscheedend wier hei awer gewiescht, datt Jonker, déi riskéiert hunn, d'Schoul ofzebriechen, individuell begleet goufen – mat Berodung, Coaching an engem aktive Suivi.

"Es gab in Österreich eine Stelle, die wirklich diesen Jugendlichen, die von dem Schulabbroch gefärdet waren, hinterher telefoniert hat. Die also Briefe geschrieben hat, déi Angebote gemacht hat, déi och auf alternative Ausbildungswege hingewisen hat, déi aufgezeigt hat, dass man och nach dem Abbroch nochmal ins reguläre Schulsystem, beziehungsweise ins Ausbildungssystem wechselen kann, usw."

Dat wier e wichtege Faktor gewiescht, fir datt d'Reform positiv Effekter gewisen hätt, esou nach den Thomas Lenz. Och wann déi net esou staark wieren, wéi ee sech dat vläicht erhofft hätt.

England ass d'Negativbeispill

An England war d'Resultat nach manner iwwerzeegend. Do gouf d'Schoulflichtalter op 18 Joer erhéicht, ouni awer gläichzäiteg Begleetmoossnamen – speziell fir potenziell Décrocheuren anzeféieren – wat zu engem nëmme limitéierten Effekt vun der Reform gefouert huet, wéi eng Etüd vun der University of Bath zum Schluss koum, erkläert den Thomas Lenz.

"Da hatte die reine Anhebung des Beschulungsalters nun eine sehr begrenzte Wirkung. Und die Kernaussage der Studie ist, dass man se da eeben verabsäumt hat, Hilfsangebote, Coachings, Nachverfolgung vun gefäerdeten Jugendlichen, alternative Arbeitsangebote usw. Also auch gleichzeitig einzuführen."

Fir den Thomas Lenz misst bei der Ëmsetzung vun der Reform zu Lëtzebuerg och genee do ugesat ginn. Zwar géif et zu Lëtzebuerg Offere vun de schoulpsychologesche Servicer, vun der Maison de l'orientation a vum SNJ ginn, déi missten awer och prett dofir sinn, esou nach de Fuerscher. 

Attraktiv Alternative si wichteg

An hirem Avis zum Gesetzestext hat och d’Chambre des Salariés betount, datt et hei wichteg wier, datt dës Ulafstellen och aktiv op potenziell Schoulofbriecher duerginn.

"Man muss diesen Schülern dann gezielte Beruffsausbildungsangebote machen, alternative Ausbildungswege aufzeigen, vielleicht auch schulische Ausbildungswege aufzeigen, die stärker auf Sachen wie, ich weiss nicht, vielleicht staarker auf Sport oder auf Irgendwas setzen, was die Schülerinnen und Schüler dann sozusagen nochmal motiviert, mit dabei zu bleiben."

Fir de Succès vun der Reform ze moosse misst een an e puer Joer kucken, wéi sech d'Zuel vun de Beruffsofschlëss an d'Aarbechtslosegkeet esou wéi den Iwwergank op den Aarbechtsmaart bei de Jonken entwéckelen. 

Den Thomas Lenz vun der uni.lu plädéiert dofir, d'Reform vun Ufank un onofhängeg evaluéieren ze loossen. Nëmmen esou kéint een a fënnef bis zéng Joer objektiv gesinn, ob d'Verlängerung vun der Schoulflicht effektiv eppes bruecht huet.

Proffegewerkschaft gesäit nach oppe Froen

Ganz gekläert wier et net, wéi ee Jonker, déi d'Schoul wëllen ofbriechen, wéilt opfänken, seet de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft FEDUSE-CGFP.

"Et bréngt natierlech näischt déi am normale System ze halen, well si hu jo Problemer entwéckelt, eebe well si am normale System net eens gi sinn.

Do misste parallel Strukturen entstoen. 

"Wou ka genau gekuckt ginn, wat brauche si da lo a wéi kënne mir hinnen hëllefen, datt si herno eng Plaz fanne kënnen, datt si déi Kompetenze kréien, déi si brauchen an der Beruffswelt."

D'Fro, déi sech iwwerdeems stellt, ass, ob genuch Personal dofir do ass. Och do ass sech de Raoul Scholtes net ganz sécher.

"Do war de Feedback am Fréijoer nach net onbedéngt, datt dat iwwerall flächendeckend schonn esou do ass. Mir hoffen alt mol, datt dat sech elo entwéckelt huet, mee meeschtens kënnt do de Feedback dann eréischt, falls eppes net funktionéiert huet."

Et géif een natierlech hoffen, datt et géif funktionéieren, esou nach de Raoul Scholtes.

Lauschterenplay_arrow