Chamber

Reform vun de Studiebäihëllefe gouf an der Chamber trotz Kritik bal unanime ugeholl

De Gesetzesprojet fir d'Reform vun de Studie-Bäihëllefe gouf an der Chamber ugeholl. All d'Parteie ware sech eens: D'Ännerunge géife Verbesserunge bei de Studie-Bourssen a Prête bréngen. Mee d'Oppositioun huet trotzdeem op Ongerechtegkeeten higewisen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Kai Remmers play_arrow
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Kai Remmers)

Ënner den Ännerunge bei de Studiebäihëllefen a Prête sinn eng Erhéijung vun der Mobilitéitsbourse, eng semestriell Indexupassung vun de Montanten, zousätzlech Sue fir administrativ Demarchen an eng Baisse vun de Studenteprêt-Zënse virgesinn. Dobäi géing d'Grondausriichtung hirem wichtegste Prinzip trei bleiwen, sot den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.

"D'Studiebäihëllefe si virun allem eng Fro vu Chancëgläichheet. Op jonk Leit hire Wee kënne goen, onofhängeg dovunner aus wéi engem soziale Milieu si kommen." 

Chancëgläichheet wier net ëmmer ginn 

Mee grad dee Prinzip wier net zu 100 Prozent garantéiert, huet ënner anerem den Oppositiounsdeputéierte Ben Polidori vun der LSAP gemengt.

"Déi Studenten, déi haut am Ausland do studéieren an do e Loyer bezuelen, kënne vun enger staatlecher Hëllef, der Mobilitéitsbourse, profitéieren, mee d‘Studenten, déi hei zu Lëtzebuerg e Loyer bezuele mussen, kënnen no menger Lektür no, weeder vun der Mobilitéitsbourse, awer och net vun der nationaler Subvention-Loyer profitéieren."

Ee Bemol war och, datt Studenten a Studentinnen, déi nieft de Studien och nach schaffe ginn, neierdéngs net méi wéi 80 Prozent vum Mindestloun däerfe verdéngen, fir eng Bourse kënnen ze kréien. Den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, huet dat bedauert.

"Et bestrooft u sech déi Studenten, déi musse schaffe goen, well si keen anere Choix hunn."

Um Enn gouf d'Reform vun de Studiebäihëllefe mat 58 Jo-Stëmmen ugeholl, bei zwou Enthalungen. Et goufen awer och Motioune vun der LSAP an déi gréng ugeholl. Dat fir an dräi Joer nach eng Kéier eng Evaluatioun vum System ze maachen.

Lauschterenplay_arrow