Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Liszt - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Sophie Pacini (Piano)

play_arrow Live
search

/ Geniestreiche

Fir Nozelauschteren // Klassik Live

Geniestreiche

Déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live um radio 100,7 an opus 100,7. Um Programm: Musek vum Richard Strauss

auto_stories

1 min

Chefdirigent vun der Deutschen Radio Philharmonie | © Kaupo Kikkas
Pietari Inkinen (Foto: Kaupo Kikkas)

Et ass e Concert, dee mat villen Emotiounen déi ganz verschidde Facette vum Richard Strauss weist: déi vum jonke Komponist, voller Energie, dee virun enger grousser Karriär steet, an déi vum ale Komponist, dee melancholesch op säi Liewen zeréck kuckt. Dat alles geschitt am Spigel vun de Wierker um Programm – Den zwou Toundichtungen “Don Juan” an “Till Eulenspiegels lustige Streiche” an den “Vier letzten Liedern”. 

Programm:

Richard Strauss

  • Don Juan, Op. 20
  • Vier letzte Lieder
  • Zueignung, Op. 10, Nr. 1
  • Waldseligkeit, Op. 49, Nr. 1
  • Morgen, Op. 27, Nr. 4
  • Till Eulenspiegels lustige Streiche, Op. 28

 

Interpreten:

Krassimira Stoyanova, Sopran
Deutsche Radio Philharmonie
Pietari Inkinen, Direktioun

 

Dëse Concert kënnt Dir bis de 11. Juni 2024 an der Mediathéik lauschteren.