Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
opus

/ 18 Méint Prisong mat Sursis fir de Gérard Depardieu

Wéinst sexuellen Aggressiounen

18 Méint Prisong mat Sursis fir de Gérard Depardieu

De franséische Schauspiller Gérard Depardieu ass zu Paräis wéinst sexuellen Iwwergrëffer schëlleg gesprach ginn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Gérard Depardieu | © picture alliance / ABBfoto play_arrow
Gérard Depardieu (Foto: picture alliance / ABBfoto)

De 76 Joer ale Gérard Depardieu gouf zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt. Dëst Urteel huet ee Strofgeriicht zu Paräis um Dënschdeg gesprach.

Säin Affekot huet annoncéiert, datt de Gérard Depardieu Appell wëllt maachen.

Konkret goung et an dësem Prozess géint den Depardieu ëm Virwërf vu sexueller Belästegung bei engem Film-Tournage am Joer 2021.

De Gérard Depardieu riskéiert ee weidere Prozess wéinst Verdacht op Vergewaltegung: Dat no enger Plainte vun der Schauspillerin Charlotte Arnould.

Lauschterenplay_arrow