Radioen

On air

De barocke Moien  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Gesetz fir de Geméisbau weder Gewënn fir Landwirtschaft nach Ëmwelt, esou de Mouveco

Mouvement Écologique

Gesetz fir de Geméisbau weder Gewënn fir Landwirtschaft nach Ëmwelt, esou de Mouveco

Kritik vum Mouvement um Landwirtschaftsministère: sou wéi de Ministère momentan de Geméisbau hei am Land wëll fërdere wier weder ee Gewënn fir d‘Landwirtschaft nach fir d‘Ëmwelt.

auto_stories

1 min

Zären | © picture alliance / imageBROKER | alimdi / Reinhold Ratzer
Symbolbild: picture alliance / imageBROKER | alimdi / Reinhold Ratzer

Dat schreift d‘Ëmwelt-ONG an engem Communiqué. 20 Milliounen Euro u Fërdergelder solle per Gesetz an nei Zäre fléissen. Et géifen awer keng Critère ginn, firwat e Betrib Primme kritt. Et géifen an der Haaptsaach Groussbetriber ënnerstëtzt ginn, esou de Mouvement.

Et géif och un Ëmweltcritère feelen. Mat dem aktuelle Gesetzestext wier net auszeschléissen, datt Zäre gebaut ginn an deenen am Wanter zu Lëtzebuerg Äerdbieren ugebaut ginn. Dat Energie- a waasserintensiv a mam Asaz vu Pestiziden, esou de Mouvement.