D'Ëmweltschutz-ONG wonnert sech, datt haut schonn iwwert dee Projet soll ofgestëmmt ginn. Well nämlech déi néideg Ëmwelt-Etuden nach net realiséiert gi wieren. Et wier och nach net gewosst, wéi een Impakt deen Datenzenter da lo op d'Drénkwaasser an Ëmwelt huet.
Google hätt dozou nämlech nach ëmmer keng Detailer ginn, heescht et am Bréif vum Mouvement. Wann d'Gemeng elo gréng Luucht gëtt, géif se e Fait accompli schafen, fir de Mouvement dierft näischt gestëmmt ginn, ier all Informatioune virleien.
Aussoen, déi de Biisser Buergermeeschter David Viaggi op Nofro hin als "populistesch" bezeechent. Ënnert anerem, well Google, dem leschte Stand no, guer net méi plange géif fir Drénkwaasser fir d‘kille vun den Anlagen ze notzen.