Am Gesondheetssecteur

Nei Akaf- a Logistik-Zentral: CGFP gesäit Verstouss géint de Gehälteraccord

An der Chamber gouf de Gesetzesprojet fir d'Schafe vun enger nationaler Akaf- a Logistik-Zentral am Gesondheetssecteur ugeholl. Déi soll an Zukunft fir Versuergungssécherheet bei Medikamenter a medezineschem Material suergen. Mee de positive Vott vum Parlament huet e batteren Nogeschmaach.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Steve Heiliger a Romain Wolff | © SIP / Claude Piscitelli play_arrow
Steve Heiliger a Romain Wolff (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP huet wéinst dësem Gesetz eng Schlichtungsprozedur géint d'Regierung ageleet. A verschidden Oppositiounsparteie geheien der Gesondheetsministerin a Regierung elo vir en neie Sozialkonflikt ausgeléist ze hunn.

Covid-Pandemie huet Schwaachstellen opgewisen

Engersäits gouf et gëschter um Donneschdegowend an der Chamber Konsens, datt déi nei Akafs- a Logistik-Zentral CNAL d'Land besser op d'Versuergung mat Medikamenter a medezineschem Material wäert virbereeden. Wéi den DP-Deputéierte Gérard Schockmel sot, wier nämlech kloer, "datt d'Pandemie verschidde Schwaachstelle vun eiser Gesondheetsversuergung opgedeckt huet. Ënner anerem war et d'Beschafe vu medezineschem Material, deemools d'Gesiichtsmasken."

Kritiséiert hunn d'Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng, d'Piraten an déi Lénk awer d'Aart a Weis, wéi d'Regierung an d'Gesondheetsministerin hei virgaange sinn.

Eng "déck Téitsch" fir de Sozialdialog

D'Staatsbeamtegewerkschaft gesäit am neie Gesetz nämlech e Verstouss géint de Gehälteraccord vun 2002, well d'Personal vun där neier nationaler Akaf- a Logistik-Zentral - déi en Etablissement Public soll ginn - deelweis e privatrechtleche Statut soll kréien. D'CGFP hat an engem Schreiwes en Dënschdeg nach emol dowéinst reklaméiert an eng Schlichtungsprozedur an d'Weeër geleet.

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard sot et wier bedauerlech, datt d'Gesondheetsministerin net schonn am Mee, wou d'CGFP schonn Drock gemaach hat, an den Dialog mat der Staatsbeamtegewerkschaft goung.

"Et weist, datt ee sech och mat der drëtter Gewerkschaft ugeluecht huet."

De selwechte Virworf gouf et vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.

"Mir stelle fest, datt dat eng weider déck Téitsch fir de Sozialdialog ass."

Martine Deprez gespréichsbereet

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet d'Kriticken zeréckgewisen a probéiert, sech ze erklären. 

"Mir hunn en Avis vun der Chambre des fonctionnaires den 10. Mäerz krut. Dat heiten ass e Projet, wou eng privat Aktivitéit - eng privat Aktivitéit - an een Établissement public iwwerféiert gëtt."

Si géif sech kengem Gespréich mat der Staatsbeamtegewerkschaft verschléissen, sot d'Martine Deprez nach, éier de Gesetzesprojet, géint deen d'CGFP schonn eng Schlichtungsprozedur entaméiert huet, ugeholl gouf. Dat mat 47 Jo - a 7 Nee-Stëmmen, bei 6 Enthalungen.

 

Lauschterenplay_arrow