Wierder

Giel Warnung wéinst villem Reen am ganze Land vu Samschdegowend bis Sonndegmoien

Vun 20:00 Auer un a bis e Sonndegmoien 10:00 Auer gëllt am ganze Land eng giel Alerte wéinst Nidderschléi. Tëschent 25 a 40 Liter op de Meeterkaree gi sech erwaart. Am Westen an am Südweste kënne bis zu 50 Liter erofkommen.

auto_stories

1 min

Symbolfoto: Staarke Reen | © picture alliance / NurPhoto | Cris Faga
Symbolfoto: Staarke Reen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Cris Faga)

Gëschter huet eng giel Warnung wéinst Wandstéiss vu bis zu 85 Kilometer an der Stonn gegollt. 

Kräfteg Wandstéiss och an Däitschland 

An Däitschland hat et och gestiermt. Dobäi si Beem ëmgefall an den Zuchtraffick war perturbéiert. Och de Stroum ass op verschiddene Plazen ausgefall.

Um Samschdeg soll et dann nees bësse méi roueg sinn ier e Sonndeg den nächste Stuermdéif op Däitschland trefft. Virun allem un der Nordsee gi sech Wandstéiss vu bis zu 200 Kilometer an der Stonn erwaart.