Energie

Greenpeace: Pëtrolskonzerner maachen 210 Milliounen Euro Iwwergëwenn zu Lëtzebuerg

Zënter dem Ufank vum Irankrich hätten international Uelegkonzerner e Surplus an Héicht vu 36 Milliarden Euro gemaach – 210 Milliounen Euro dovunner eleng zu Lëtzebuerg. Déi Chiffere ginn aus enger Etüd vu Greenpeace Däitschland ervir.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek.de | Juliane Sonntag
(Foto: picture alliance / photothek.de | Juliane Sonntag)

D'Ëmweltorganisatioun Greenpeace Lëtzebuerg huet dës Zuelen aus enger däitscher Etüd haut an engem Communiqué publizéiert. 

Wann an der Tripartite elo géif decidéiert ginn, datt den Tankrabatt verlängert gëtt, da géif Lëtzebuerg d'Gefor lafe seng Klimaschutz-Obligatiounen am Verkéiersberäich ze verfeelen.

Et kéint awer virun allem net sinn, datt d‘Regierung Steiergelder géif notze fir ze probéieren, d‘Auswierkunge vun enger "klima- a verbraucherfeindlecher Politik" vun den Uelegkonzerner ofzefiederen, schreift Greenpeace. 

Et bräicht laangfristeg an nohalteg Léisungen

Vill méi sollt an nohalteg Léisungen investéiert ginn, déi de Stéit et erméigleche géif laangfristeg Energiekäschten ze spueren an d‘Ofhängegkeet vu fossille Brennstoffer ze reduzéieren, esou Greenpeace Lëtzebuerg. 

De Communiqué koum am Virfeld vun der Reunioun vum Comité de suivi Triparite vun haut. Hei beroden d‘Sozialpartner driwwer, wéi eng Hëllefen d‘Regierung am Kontext vun den héijen Energiepräisser fir d'Menagen a d'Betriber soll ginn. 

An der leschter Tripartite am Juni war eng staatlech Hëllef vu 5 Cent de Liter op Diesel a Bensinn decidéiert ginn.