National

Gilles Roth verséchert, datt de Staat seng 10 Prozent Parten un der BIL net verkeeft

De CSV-Finanzminister wëllt an enger schrëftlecher Reaktioun, d‘Meldung aus der Zeitung Financial Times u sech net kommentéieren. Hie seet awer, de Lëtzebuerg Staat géif net verkafen. D'Financial Times hat gemellt, datt d'Vente vun der Traditiounsbank amgaange wier sech ze konkretiséieren.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

De Finanzminister Gilles Roth reagéiert op d‘Nouvelle, datt de chineeseschen Investmentgrupp Legend Holdings seng 90 Prozent Parte vun der BIL elo verkafe wéilt. D'Wirtschaftszeitung Financial Times hat dës Weekend drop verweisen, datt éischt Offere Enn dës Mounts erakomme sollen. Finanzinstituter aus Europa an dem Noen Osten hätten hiren Interessi geäussert.  

D'Vente soll dem Investmentgrupp Legend Holdings op d’mannst 2,5 Milliarden Euro abréngen, esou d’Financial Times.

"Traditiounshaus a systemrelevant Bank"

De Lëtzebuerger Staat hält den Ament 10 Prozent vun de Parten. D‘BIL wier een Traditiounshaus an eng systemrelevant Bank, esou de Gilles Roth. De Staat géif dofir weiderhi seng Verantwortung iwwerhuelen.

De Finanzminister erënnert och drun, datt d‘europäesch Zentralbank zu Frankfurt fir d‘éischt misst gréng Luucht ginn, wann et zu engem Wiessel beim Aktionariat vun der BIL géif kommen.

D'Interbank, wéi d'BIL an der Zäit genannt ginn ass, ass déi eelst lëtzebuergesch Privatbank. Si gouf 1856 gegrënnt.