Zejoert goufe ronn 118 Millioune Bréiwer, an 22 Millioune Päck verschéckt. Dat wier en Hausse vu knapp 17 Prozent par Rapport zum Joer 2025, esou de Joresbilan vum ILR.
Pro Awunner wieren dat ronn 2,5 Päck pro Mount. Besonnesch d’Unzuel u Päck, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg geschéckt ginn, huet zougeholl. Déi maachen elo bal 87 Prozent vum gesamten Trafic aus.
De Marché wier “en pleine croissance”, esou de Marc Kohl, Chef vum Service Statistike beim ILR. Grad ewéi beim Online-Handel, dee schonn zënter Jore rasant an d'Luucht geet, géif den Ëmsaz an der Logistik-Branche deementspriechend och eropgoen.
“De gesamte Chiffre d'affaires ass elo 105 Milliounen. Den huet hei ugefaangen bei ronn bei 50 Milliounen. Dat heescht, deen huet sech vun 2016/2017 quasi méi wéi verduebelt.
De grousse Volume u Wueren, deen online bestallt gëtt, hätt net just dozou gefouert, datt hire Chiffer d'affaires sech méi wéi verduebelt huet. Et géifen och ëmmer méi Acteuren op dësem Marché aktiv ginn.
Beim Bréifverkéier gesäit den Trend dogéint aneschters aus. Den Trafic ass hei zejoert ëm knapp sechs Prozent zeréckgaangen. Dem IRL no géif dat ënner anerem un der Digitalisatioun an de méi héije Posttariffer leien. D’Hausse vun den Timberpräisser hätt et awer erméiglecht, datt den Ëmsaz am Beräich vum Courrier relativ konstant bliwwen, bei ronn 112 Milliounen Euro bliwwe wier.
Digital Kaart fir e besseren Iwwerbléck
Fir de Konsumenten ee besseren Iwwerbléck ze ginn, huet den ILR elo och eng nei Online-Kaart lancéiert. Dorop sinn ënner anerem Verkafspunkten a Pak-Automaten vun de verschiddene Prestatairen ze fannen, erkläert den ILR Direkter Luc Tapella.
Hire But wier et, datt all d'Informatioun iwwer déi verschidde Logistik-Firmaen, déi Päk oder Bréiwer verschécken, op enger Plaz regroupéiert sinn.
"Fir ze wëssen, wou muss ech goen, wéini sinn se op, wéini kann ech do vun hinne profitéieren. Et ass awer och eng Visibilitéitsplattform, well mer alleguerten déi Bedreiwer, déi zu Lëtzebuerg Servicer offréieren, op enger Plaz unique sinn.“
Op dëser interaktiver Kaart vum ILR gesäit een och op dës Pakstatiounen fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel sinn.