Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  William Alwyn - Serenade, IV. Finale - Royal Liverpool Philharmonic Orchestra, David Lloyd-Jones (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Giorgia Meloni wëll Migranten a Migrantinne weider als éischt an Albanie bréngen

Trotz Dekret vum Geriicht

Giorgia Meloni wëll Migranten a Migrantinne weider als éischt an Albanie bréngen

Déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni wëll um Modell festhale fir Migranten an Albanien ënnerzebréngen. Hir riets Regierung huet gëschter Owend en Dekreet ugeholl fir déi juristesch Awänn géint dëse Modell aus dem Wee ze raumen an déi zwee Flüchtlingscampen an Albanien weider kënnen ze bedreiwen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

D'lescht Woch waren déi éischt 16 Migranten, déi am Mëttelmier gerett goufen, vun den italieeneschen Autoritéiten an Albanien bruecht ginn. Si sollten do hir Aslydemande maachen an, jee no Ausgang, zeréck an hire Heemechtslänner oder awer an Italien geschéckt ginn.

E Geriicht zu Roum hat awer decidéiert, datt dat net legal ass, an déi Betraffen an Italien misste bruecht ginn, well hir Heemechtslänner Ägypten a Bangladesch net kéinten als sécher ugesi ginn.

Mam neien Dekreet soll et elo gesetzlech verankert ginn, wéi eng Länner als sécher gëllen.