Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Ludwig van Beethoven - Concerto fir Gei a Ré Majeur, Op. 61, III. Rondo allegro - Frank Peter Zimmermann (Gei), Staatskapelle Dresden, Bernard Haitink (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Grooven ouni Grenzen

Album vun der Woch

Grooven ouni Grenzen

Zu Berlin si si sech begéint: Den nigerianesche Museker RAH an d’Formatioun The Ruffcats. Mat hirem Debutalbum “Orile to Berlin” celebréiere si eng musikalesch Zesummenaarbecht tëscht Afrobeat, Soul & Hip-Hop.

auto_stories

4 min

Orile ass den Numm vun deem Viruert vu Lagos, an deem de RAH (kuerz fir Rapturous Apollo Helios) gebuer gouf. Virun zéng Joer koum hien an déi däitsch Haaptstad an huet sech do mat de Swag Jam Sessions en Numm gemaach, bei deenen ënner anerem souguer d’Erykah Badu schonn zu Gaascht war. 

D’Ruffcats beschreiwe sech selwer als Funk-Soul-Space-Jazz Band. Zënter 2007 trieden si souwuel als Kollektiv op, fungéieren awer ëmmer erëm och als Backing-Band fir Kënschtler:inne wéi de Samy Deluxe, d’Stefanie Heinzmann oder d’Voice of Germany-Gewënnerin Ivy Quainoo. Reegelméisseg schaffe si och mam Hip-Hopper Flo Mega zesummen. Zulescht hate si hien um 2022er Album “Über das Grau” begleet. Ee vun hire Memberen, de Perkussionist a Backing-Vocalist Jean-Luc Jossa, staamt iwweregens aus Lëtzebuerg.

Originnen an Nigeria

Nodeem eng éischt Kollaboratioun tëscht dem RAH an de Ruffcats (“Shifting Sands” vun 2018) bei der Kritik an dem Publikum gutt ukoum, hat der Band hire Produzent Jochen Ströh d’Iddi, doraus eng ganz Plack ze entwéckelen.

“Orile to Berlin” ass staark gepräägt vum Afrobeat, engem Genre zu deem de RAH eng ganz besonnesch Verbindung huet. Zu senge grousse Virbiller gehéiert nämlech de Fela Kuti, dee mam Batteur Tony Allen zu de Pionéier vum Afrobeat gehéiert, an och aus dem Nigeria koum. De Jochen Ströh huet sengersäits scho mat Gréisste vun der afrikanescher Musek wéi Pat Thomas oder Ebo Tayler zesummegeschafft.

Vocals a Sound verschmëlzen

Wärend der Pandemie hu sech d’Museker Iddie via Internet hin an hier geschéckt, bis si sech zu Berlin am Studio fir d’Opnamen zu den néng Titele vun “Orile to Berlin” getraff hunn. D’Vocals an de Rap vum RAH verschmëlzen hei perfekt mat dem waarmen a liewege Sound vun de Ruffcats. Ëmmer erëm beandrocken déi schéi Bléiserarrangementer an den natierleche Groove, zum Beispill am Opener “Yeah Yeah Yeah” oder am Titel “Rodeo”, an deem et dorëm geet, wéi schwéier et ass, sech an enger Welt, déi ëmmer méi séier dréint, am Suedel ze halen.

Wéi säi Virbild Fela Kuti schwätzt och de RAH a sengen Texter zum Deel politesch Sujeten un, zum Beispill an “Ide Osun (Mantra)”, an deem et ëm Rassismus a Gläichheet gëtt. Vill Lidder sinn awer och ganz perséinlech, wéi d’Libeslidder “Sorry” oder “MoonSun”.

En neie Projet gëtt well geplangt

De Jean-Luc Jossa huet betount, datt “Orile to Berlin” wuel net déi eenzeg Zesummenaarbecht tëscht RAH & The Ruffcats wäert bleiwen, a si schonn un neie Projete plangen.

An den nächste Méint gëtt et och ëmmer erëm Geleeënheet, d’Formatioun live ze erliewen. Wann och net zu Lëtzebuerg, dann awer net all ze wäit ewech vun hei. Den 18. August si si zum Beispill um Kimiko Festival zu Oochen zu Gaascht. All Tourdatumer fënnt een op www.ruffcats.de .

D’Ruffcats sinn:

Uwe Breunig - Drums
Botond Ikvai-Szabo - Gitarre
Stefan Fuhr - Bass
Jean-Luc Jossa - Percussion
Lukas Fröhlich - Trumpet
Lars Zander - Saxophone
Friedrich Milz - Trombone
Werner Goldbach - Keyboards

Musek
Nei Musek