Hie kéint zum Fall Caritas näischt soen, seet de Affekot. Allgemeng géif hien awer ganz dacks gesinn, datt Leit benevole nieft hirer normaler Aarbecht a Verwaltungsréit sëtzen. Déi Leit wéilte sech mam Sujet beschäftegen an net mat Compta, Finanzen an Administratioun. Mee hir Verantwortung an deene Beräicher wier trotzdeem immens grouss.
"Déi beschten Assurance ass, wann ee seng Aarbecht gutt mécht. De Problem ass, datt een do Standarde brauch fir déi Aarbecht uerdentlech ze maachen. A wat ech e bësse vermëssen zu Lëtzebuerg, dat ass, datt et keng Standarde gëtt, an datt ech also net genee weess, wat meng Responsabilitéite sinn."
Schutz bidde sougenannt D&O-Versécherungen. Dat ass eng speziell Haftflichtversécherung déi Entreprisë fir hire Verwaltungsrot a leedend Employéen ofschléisse kënnen, fir dës viru finanzielle Schied ze schützen, wa si an der Ausübung vun hirem Mandat Feeler maachen.
De Charel Muller recommandéiert och, datt ee kontrolléiert, datt d'Haftflicht reegelméisseg erneiert gëtt, och bei enger lokaler Musek, oder engem lokale Fussballveräin. Den Affekot plädéiert och dofir, datt déi eenzel Federatioune wéi d'FLF oder d'UGDA allgemeng esou Assurancë fir hir Veräiner missten ofschléissen.
Verwaltungsréit musse sech och mat Finanzen auserneesetzen
Ee Verwaltungsrot misst sech och mat Finanzen a Compta auserneesetzen. Eng Iddi wier zum Beispill, datt all Member vum Verwaltungsrot iwwer d'Bank-App Lieszougang zu d'Konte kritt, ouni selwer kënne Virementen ze maachen. D'Finanzgestioun géif natierlech awer doriwwer erausgoen.
D'Leedung vun enger ASBL géif sech och ëmmer manner vun enger SARL ënnerscheeden.
"Den Ënnerscheed ass deen, eng SARL huet Aktionären, déi sech kënnen de Benefice erauszéien. A bei enger ASBL bleift de Benefice an der Associatioun. Mee fir de Rescht, wat d'Gestioun ubelaangt, sollen déi nämmlecht Prinzipper applizéiert ginn."
Et brauch méi kloer Standarden
Member vun engem Verwaltungsrot missten "en bon père de famille" agéieren. Dat wier relativ vag formuléiert an dofir bräicht et méi kloer Standarden, seet de Charel Muller.
Hie wéilt de Leit, déi sech a Verwaltungsréit engagéiere keng Angscht maachen, mee et misst een hinnen eng Hëllefsstellung ginn. Fir dat ze maachen, géif hien och beim Institut Luxembourgeois des Administrateurs een Aarbechtsgrupp iwwer d'ASBLe leeden, mee och de Staat misst seng Roll iwwerhuelen.
"Mee, wann dem Staat déi Rôle vun den ASBLe wichteg ass, da soll de Staat och selwer kënnen hëllefen, datt déi Standarden ausgeschafft ginn, datt d'Leit d'Angscht geholl kréien, fir am Verwaltungsrot vun enger ASBL ze setzen."