Radioen

On air

Notturno  |  Alban Berg - Vier Stücke, Op. 5, IV. Sehr langsam - Andreas Mader (Saxofon), Christos Papandreopoulos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Bilan vun den Doudege klëmmt weider, nei rout Wiederwarnung erausginn

Héichwaasseren a Spuenien

Bilan vun den Doudege klëmmt weider, nei rout Wiederwarnung erausginn

No der Héichwaasserkatastroph a Südost-Spuenien wëllt d‘Regierung haut um Freideg weider 500 Zaldoten an déi betraffe Regioune schécken. Si solle Liewensmëttel, Waasser an aner Hëllefsgidder dohinner bréngen. Och d‘Stroumversuergung funktionéiert op ville Plazen nach net.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance/dpa | Clara Margais

De Bilan vun den Héichwaassere läit elo bei op d'mannst 158 Doudegen. Dovu goufen et 155 Doudesaffer an der Regioun Valencia. De Bilan ass nach ëmmer provisoresch. Et géifen nach Dosende Leit vermësst ginn, sou d‘Autoritéiten.

Eng Partie Länner hu Spuenien Hëllef ugebueden. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet den Donneschdeg op X de betraffene Leit a Spuenien seng Sympathie a seng Solidaritéit ausgedréckt. Lëtzebuerg wier prett fir ze hëllefen, do wou Hëllef géif gebraucht ginn.

Spuenesche Premier mécht sech ee Bild vun der Lag

D‘Sich no de Vermësste wier elo Prioritéit, sot d‘Verdeedegungsministerin Margarita Robles op der spuenescher Tëllee. Dat ganzt Ausmooss vun de Schied ass och nach ëmmer onkloer. An der besonnesch staark betraffener Regioun Valencia, soll d‘Arméi elo hëllefen.

De spuenesche Premier Pedro Sanchez ass zu Valencia fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Hien huet de Leit Ënnerstëtzung vun der Regierung vu Madrid versprach.

Wiederwarnunge fir d'Balearen

De spuenesche Wiederdéngscht huet eng nei rout Alerte wéinst staarkem Reen a Stuerm erausginn, betraff sinn d'Küsteregiounen am Osten a Südweste vu Spuenien. Un der Küst bei Huelva goufen d'Awunner opgeruff, doheem ze bleiwen.

D‘Héichwaassere goufen duerch extreem staarke Reen ausgeléist. Plazeweis wier souvill Reen gefall, wéi soss an engem ganze Joer, op verschiddene Plaze méi wéi 400 Liter op de Metercarré. Awer och d‘Kritik, datt d‘Autoritéiten d‘Leit ze spéit gewarnt hunn, gëtt ëmmer méi haart.