Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Zwee Äerdbiewen op Kuba

No Hurrikan

Zwee Äerdbiewen op Kuba

No engem éischten Äerdbierwe vun der Stäerkt 5,8 op der Richterskala gouf et eng hallef Stonn duerno een nach méi staarkt Nobiewen am Südoste vun der Insel, dat an der Stäerkt vu 6,8. Et koum zu Äerdrutscher, Schued u Gebaier a weidere Stroumausfäll.

auto_stories

1 min

Kuba | © picture alliance / Zoonar | Dmytro Sidashev
Foto: picture alliance / Zoonar | Dmytro Sidashev

Eréischt e Freideg konnt de gréissere Stroumausfall, deen duerch den Hurrikan Rafael verursaacht gouf, gréisstendeels behuewe ginn. De kubanesche Staatschef Miguel Diaz-Canel ass zanter leschter Woch op Visitt an de betraffene Regiounen. No den zwee Äerdbiewen huet hien d'Bierger:innen dozou opgeruff, bis op Weideres dobaussen ze bleiwen.