Vun der Flüchtlingshëllef an der Ënnerstëtzung fir Leit an Nout iwwer d’sozial Epicerië bis bei d’Wanteraktioun: Iwwerall wier HUT operationell a mat derbäi. Finanziell kéim och elo Ënnerstëtzung vun der Fondatioun André Losch, preziséiert de Communiqué.
Si géifen och nei Leit rekrutéieren. Et wiere méi ewéi 10 Posten ausgeschriwwen. Gesicht ginn haaptsächlech Assistant-sociallen an Educateuren, awer net nëmmen.