Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Zesummesetzung vun der Spezialkommissioun ass bekannt

De Fall Caritas an der Chamber

Zesummesetzung vun der Spezialkommissioun ass bekannt

Mat der Caritas-Bedruchsaffär befaasst ech elo och eng Spezialkommissioun vun der Chamber. Eng deementspriechend Resolutioun vun der LSAP war gëschter um Donneschdeg an enger Aktualitéitsstonn iwwert d‘Caritas Affär ugeholl ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An där Spezialkommissioun sinn am Ganze 15 Memberen, dovu 5 vun der CSV, 4 vun der DP, 3 vun der LSAP, a jeeweils ee vun déi gréng, ADR an déi Lénk. Et gëtt och een Observateur.

Bei der CSV si follgend Deputéierte Member: D‘Diane Adehm, de Marc Spautz, d‘Nathalie Morgenthaler, de Laurent Zeimet an d‘Stéphanie Weydert.

Bei der DP sinn déi véier Memberen: D‘Barabara Agostino, d‘Carole Hartmann, d‘Mandy Minella an de Gérard Schockmel.

Déi 3 LSAP-Deputéierter an der Caritas Spezialkommissioun sinn d‘Taina Bofferding, de Mars di Bartolomeo an de Franz Fayot.

Vu déi gréng ass d‘Djuna Bernard Member vun der Spezialkommissioun, bei der ADR den Tom Weidig, a bei déi Lénk de Marc Baum.

De Sven Clement vun de Piraten ass Observateur.

Presidence fir Oppositioun oder Majoritéit?

Wie President oder Presidentin vun der Caritas Spezialkommissioun gëtt ass den Ament nach net gewosst. De President oder d‘Presidentin ginn designéiert, wann de Chamberpresident déi éischt Sëtzung vun der Kommissioun opmaache wäert.

Et ass nach net gewousst, ob d'Presidence fir d'Oppositioun oder fir d'Majoritéit wäert sinn. "Dat muss d’Kommissioun decidéieren“, war et eng Ausso an der Chamber.

D‘Attributiounen a Pouvoire vun där Spezialkommissioun ginn an der Resolutioun beschriwwen. D‘Kommissioun soll ënner anerem e Rapport iwwert déi parlamentaresch Aarbechten zu der Caritas Affär maachen, an déi Aarbechten dierfen héchstens 6 Méint laang daueren, bis den 10. Abrëll 2025.

Lauschterenplay_arrow